Aktualitéit

D’Cargolux confirméiert d’100,7-Nouvelle, datt d’Airline an engem gudde Joer méiglecherweis neit Kapital brauch. “Wann d’Präisser pro Kilometer a pro Tonn weider falen, da brauche mer Enn 2015 frëscht Kapital. Mä dat concernéiert net nëmmen d’Cargolux, mä all d’Cargo-Airlines”, esou de Finanzdirekter Richard Forson.

“Utopia S.A." wëll d’Bailen vun dëse Caféen a Restauranten Enn August net verlängere, well grouss Renovéierungs-Aarbechte geplangt sinn. Betraff wieren de “Coyote Café”, den “Tiebreak”, de “Meneghino”, de “Q-45” an de “Club 5”.

“D’Diskussioun iwwert eise Spëtzekandidat bei den nächste Chamberwahle féiere mer 2017, no de Gemengewahlen”. Dat seet den CSV-Parteipresident am 100,7-Interview. De Marc Spautz mengt, nom wahrscheinlechen Depart vum Jean-Claude Juncker op Bréissel an nom Depart vum Luc Frieden an d’Privatwirtschaft, sollt d’CSV sech net nervös maache loossen.

D’Post wëll nach dëst Joer eng Decisioun huelen iwwert eng eventuell Zesummenaarbecht mat der Raiffeisen. D’Post a Raiffeisen fänken elo Verhandlungen un, iwwert en Zukunfts-Modell fir de Postchèque.

D’Union des Entreprises Luxembourgeoises weist sech iwwerrascht, datt d’Regierung weiderhin bei hirer Positioun bleift a net bereet ass den Defizit bei der Employeurs-Mutualitéit auszegläichen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen