Aktualitéit

Seelbunn Exklusiv
Infrastruktur

Esch-Uelzecht denkt dru fir eng Seelbunn ze bauen: Déi Bunn soll tëschent dem Zentrum vun der Minette-Metropol an Esch-Belval zirkuléieren, esou den Escher Kulturschäffe Jean Tonnar.

Jean-Claude Franck Kommentar
Verfassungsreferendum

D'Fro, op wéi eng Manéier déi nei Verfassung soll a Kraaft trieden, ass een Trauerspill. Wäert et iwwerhaapt zu der Verfassungsreform kommen oder war déi ganz Aarbecht ëmsoss?

Let's Make it Happen
Nation Branding

En neien Image fir Lëtzebuerg: Mat der Nation Branding Campagne wëllt d'Regierung Land eenheetlech no bausse promovéieren. Onwierksam Staatspropaganda oder eng néideg modern Kommunikatiounsstrategie?

Budget 2017
Staatsbudget 2017

De Budget vum Zentralstaat wäert d'nächst Joer en Defizit vu ronn enger Milliard Euro maachen. Dat weist de Staatsbudget 2017, deen de Finanzminister Gramegna de Moien an der Chamber deponéiert huet

Nation Branding
Lëtzebuerger Identitéit

Clichéen a Stereotyppe sinn ëmmer gutt ze gebrauchen, wann et u wierklecher Substanz feelt - Lëtzebuerg ass op der Sich no senger Identitéit, tëscht Oppenheet a Repli identitaire.

Josée Hansen
Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean

D'Josée Hansen huet aus dem MUDAM-Verwaltungsrot demissionéiert: Et wier deontologesch ze schwéier, als Haapt-Kulturjournalistin vun der Zeitung "Lëtzebuerger Land" Member vum Conseil ze sinn.

AdBlue Exklusiv
Environnement

Viru kuerzem ass op der Aire de Berchem Dieselzousaz an d'Uelzecht gelaf. D'Ursaach: Ee Lach an engem Rouer. War Shell konform mat de Sécherheetsmesuren? Firwat ass dem Ministère d'Lacune net opgefall?

Carlos de Lojendio
Spuenien

Spuenien huet no zwou Parlamentswahlen nach ëmmer keng handlungsfäeg Regierung. Deem géigeniwwer wiisst d’Wirtschaft. E Wuesstem, deen duerch déi politesch Kris riskéiert hypothekéiert ze ginn.

Denis Scuto
Faschismus

An hirer Proklamatioun zum nationale Commemoratiounsdag huet d'Lëtzebuerger Regierung un den Appell "Ni méi Faschismus" erënnert. An den USA mécht e Presidentschaftskandidat dee Faschismus salonfäeg.

Aleppo
Syrien

Déi westlech an déi russesch a chinesesch Medien zeechnen zwee verschidden Zeenarioe vun der Situatioun zu Aleppo. Wéi steet et mam Krich a wisou schéngt kee Waffestëllstand ze halen?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen