Aktualitéit

Drogen a Suen
Drogen & Justiz

Zënter dem 17. Januar 2017 steet en nigerianeschen Drogereseau viru Geriicht. Fir den Europäeschen Drogenobservatoire ass et ee ganz typesche Fall. De Prozess kéint awer ee lokalen Impakt hunn.

Etienne Schneider.jpg
Ëffentlech Finanzen

De Staat wëll seng Participatiounen un Entreprisen all iwwert d'SNCI lafe loossen. Dës soll och analyséieren, wéi sënnvoll d'Bedeelegunge sinn, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Romain Kohn
Medien

Virum Hannergrond vun der Affär "RTL-Lunghi" mécht den ALIA-Direkter Romain Kohn d'Analys, datt d'Iwwerdroe vun ëffentleche Missiounen un ee privaten Acteur net gläichzesetze si mat "Service Public".

Jacques Poos
Europapolitik

Europa hätt sech ze séier entwéckelt, fënnt de Jacques Poos. "Dat ginn ech haut zou, obwuel ech en Acteur dovu war." Vill Problemer vun haut hätten hir Ursaachen an der Vergaangenheet.

René Winkin
Wuesstemsmodell

De FEDIL-Direkter René Winkin bedauert, datt d'Politik a ville Beräicher paradox Signaler géif senden. Gemengt sinn d'Landesplanung, d'Steierpolitik, d'Aarbechtszäiten an d'Rifkin-Etude.

Ilan Pappé
Israel/Palestina

Et ass net kloer, wéi den Donald Trump sech zum Konflikt am Noen Oste wäert positionéieren, mengt den Ilan Pappé. Den israeleschen Historiker an Aktivist hofft trotzdem op eng friddlech Léisung.

Jean Asselborn
Flüchtlingspolitik

Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn distanzéiert sech vu sengem Parteikolleg Nicolas Schmit. Den Aarbechtsminister sot am Wort-Interview, datt Asyldemandë baussent der EU missten traitéiert ginn.

Pascal Riquier Riicht Eraus
Police-Reform

Wéinst neien Erausfuerderungen a Missiounen ass d'Police ënnerbesat, esou de Pascal Ricquier. Dofir begréisst de Gewerkschaftler déi geplangte Police-Reform: déi gesäit nämlech 500 nei Rekrutementer vir.

Danièle Fonck
Danièle Fonck

Op manner Säite méi Qualitéit liwweren. Sou erkläert d'Danièle Fonck dat neit Format vum Tageblatt. D'Generaldirektesch vun Editpress seet, de Grupp géif besser do stoe wéi aner Medienhaiser.

Carole Dieschbourg
Ëmwelt

D'Ëmweltministerin ass trotz héije Pollutiounswäerter net fir e Verbuet vun Dieselautoen. Der Carole Dieschbourg no géif een de Problem vrun allem mat enger besserer Mobilitéit an de Grëff kréien.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Weekend-Magasinn

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Noriichten

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen