Aktualitéit

Am Kader vu neien EU-Budgets-Berechnunge sollt Lëtzebuerg jo 90 Milliounen Euro zeréckbezuelt kréie vun der europäescher Unioun. De lëtzebuerger Finanzminister schwätzt elo vun 84 Milliounen. Ongeféier 60 Millioune 2014 a 24 Milliounen 2015, esou de Pierre Gramegna.

Een internationalen Aktiounsplang géint aggressiv Steieroptiméierung ass schonn ënnerwee a gëtt vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt, sou den Direkter fir Steierfroe bei der OECD

D'Regierung huet kuerzfristeg eng Pressekonferenz aberuff, fir Stellung ze huelen zur Publikatioun vun Dausenden Dokumenter iwwer geheim Steieraccorden vu Lëtzebuerg mat multinationalen Entreprisen

Den LSAP-Fraktiounschef seet de Regierungsprogramm gëtt agehal, et sief d’Koalitioun kënnt zu enger anerer Meenung wann déi nächst zwee Joer iwwert déi grouss Steierreform diskutéiert gëtt

Eng vun deene gréissten Erausfuerderunge schéngt et ze sinn, vum Akaf vun CO2-Emissiounszertifikater ewech-ze-kommen a méi konkret Mesuren hei am Land ëm-ze-setzen. Ënnert anerem gëtt och eng Etude an deem Sënn iwwert e méiglechem Ausstig vum Tanktourismus ausgeschafft, esou d’Carole Dieschbourg, déi sech geschwënn schonn éischt Resultater erwaard.

Déi Gréng hunn an de leschten Deeg op sech opmierksam gemaach : nodeems verschidde vu hire Politiker déi geplangte Baisse vun den Accisen um Tubak ëffentlech kritiséiert hunn, huet d’Fraktioun den 3. November matgedeelt, datt se déi Baisse elo awer mat dréit. "Wann ee sech schonn esou aus der Fënster leet, muss een och wësse, wat een erreeche wëll", esou de Jean-Claude Franck an engem Kommentar am Mëttespanorama vum 4. November

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen