Aktualitéit

Wéinst Budgetskierzunge huet den "Orchestre Philharmonique" eng Tournée ofgesot, déi dëse September a China geplangt war. Déi 100,7-Informatioun krute mer vum Generaldirekter vun der Philharmonie confirméiert.

Wéi mer dat d’lescht Woch gemellt haten, denkt d’Regierung driwwer no d’TVA schonn am Juli unzehiewen. Aneren Szenario ass den 1. Januar. De Jean-Claude Franck mengt, d’Regierung soll an hiren Iwwerleeungen déi politesch Consideratiounen an den Hannergrond stellen.

Dem Professer fir Verfassungsrecht Luc Heuschling no verstéisst et géint geltend Recht, datt de Grand-Duc net an de Wielerlëschte steet. Vertrieder vun LSAP an CSV deelen des Analys

D’privat Auditfirma "Ernst and Young" hëlt am Optrag vum Familljeministère vu muer un den OLAI ënnert d’Lupp. D’Corinne Cahen sot am 100,7-Interview, datt d’organsiationnel a finanziell Analyse vum office luxembourgeois d’accueil et d’intégration” 3 bis 4 Méint soll daueren.

D’Zil vun der LSAP bei den Europa-Walen ass et deen zweete Sëtz zeréckzekréien deen d’CSV de Sozialisten bei de virleschte Walen ewechgeholl hat.

D’Probabilitéit, datt d’TVA schonn dëst Joer em zwee Prozentpunkte gehéicht gëtt, ass ganz grouss, krute mer vun zwou Sourcen aus der Regierungskoalitioun confirméiert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen