Concerten

Francis Of Delirium Aircheck Session
Aircheck Session Francis Of Delirium

Francis Of Delirium spille Lidder vun den éischten zwou EPen an intime Kader vun der Kulturfabrik. Lauschtert d'Aircheck Session integral a loosst Iech vun der Jana Bahrich hirer Konscht verzauberen.

Skibi
Aircheck Session

Dem Lëtzebuerger Rapper seng Aircheck Session vum 20. Mäerz. Hie presentéiert den Album Ze Spigé, op deem hien Aflëss aus modernem Trap mat oldschool Boom bap verbënnt.

Jean Muller
#beethoven20

De Jean Muller analyséiert, wéi de Ludwig van Beethoven seng Pianossonaten op en Enn bruecht huet. Nieft Tounbeispiller stinn och déi lescht Sätz vun de Sonaten Nr. 30 an Nr. 31 um Programm.

Piano
#beethoven20

D'Sonat Opus 106 vum Ludwig van Beethoven gëtt aus dem Material vu just deenen éischte puer Täkt eraus destilléiert. Wat doraus entsteet ass eent vun deene bekanntste Wierker aus dëser Gattung.

Ee Piano
#beethoven20

Dem Ludwig van Beethoven seng 28. Sonat markéiert e Schnatt am Komponist sengem Wierk. Hie bréngt et fäerdeg extrem ënnerschiddlech Iddien an engem formale Gesamtkonzept ënnert een Hutt ze bréngen.

Les_Adieux_Titel.jpg
#beethoven20

Basis vun dësem Wierk ass eng programmatesch Iddi, déi de Ludwig van Beethoven an d'Form vun enger Sonat gegoss huet. Et geet souwuel ëm d'Gefiller vum d'Eddi-Soen, wéi och vum Erëmgesinn.

Ludwig van Beethoven
#beethoven20

Dëse Spëtznumm huet dem Ludwig van Beethoven seng 25. Pianossonat net ëmsoss. De Jean Muller weist, wisou dëst Wierk esou heescht, a wat dëse Spëtznumm mat engem "muskuléisen" Theema ze dinn huet.

Beethoven
#beethoven20

Net nëmmen d'Tounaart vum Ludwig van Beethoven senger 24. Sonat ass exotesch. De Pianist Jean Muller gëtt en Abléck an dëst kuerzt Wierk voller neier Iddien.

Sonate
#beethoven20

En Titel deen der dramatescher Dimensioun vum Beethoven senger 23. Sonat net gerecht gëtt. De Pianist Jean Muller gëtt an Abléck an dëst Wierk, dat vun der Luucht an d'Däischtert féiert.

Jean Muller Piano
#beethoven20

En ongewéinleche Spëtznumm fir en ongewéinlecht Wierk: De Pianist Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an dës net ëmmer ganz zougänglech, dofir awer schéin a lyresch Sonat Opus 54.

Sonate
#beethoven20

De Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an d'Sonat Opus 53 déi ënner Pianisten a Melomanen e scho bal legendäre Ruff huet. Dëst Wierk stécht nämlech net nëmme wéinst sengem Titel "Waldstein" ervir.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen