Kultur

SunsetSong_Stills_MP_2214.jpg
Sunset Song

De grousse britesche Cineast Terence Davies war um Luxembourg City Film Festival fir säi Film "Sunset Song" ze presentéieren. An hien huet sech vill Zäit geholl, fir mat vill Humor op eis Froen ze äntweren.

Charlotte Wirth.JPG Meenung
Cirque du Soleil

Et ass een Zirkus wéi keen aneren. Mee wat ass d'Geheimnis vum bekannte Cirque du soleil? D'Charlotte Wirth hat sech "Varekai" rezent an der Rockhal ugekuckt a liwwert Äntwerten. 

Serge_Gainsbourg_par_Claude_Truong-Ngoc_1981.jpg Meenung
Doudesdag Gainsbourg

Provocateur, enfant terrible, Gainsbourg, Gainsbarre: haut viru 25 Joer ass de wuel legendärste franséische Chansonnier gestuerwen. Hie war eng Revelatioun fir di eng, déi aner huet hien ofgestouss. 

Crazy-cinématographe-Photo©CNA_Romain-Girtgen.jpg
Filmfestival 2016

Wéi koum d'Faarf an de Kino? Wéi entsteet e Soundtrack? Beim Film Festival gëtt ee villsäitege Programm fir Kanner a Jugendlecher gebueden. Niewent dem Filmhandwierk ginn och aktuell Sujeten thematiséiert.

Wang Xiaoshuai
Filmfestival 2016

Zensur interesséiert hien net: De Wang Xiaoshuai presidéiert den internationale Jury beim Filmfestival. Hie schwätzt iwwer den Opschwong vum Kinosmarché a China. An iwwer d'Perspektive fir Lëtzebuerg.

Svetlana Alexievitch
Nobel-Laureatin um LuxFilmFest

D’Gewënnerin vum Literatur-Nobelpräis 2015 Svetlana Alexievitch war de leschte Weekend am Land fir d’Verfilmung vun hirem Tschernobyl-Buch “La Supplication” vum Pol Cruchten mat ze presentéieren.

Damien Deroubaix, Garage Days Re-visited, 2016
Nei am Mudam

Den Damien Deroubaix ass haut zu Lëtzebuerg e gefrote Kënschtler, och am Mudam. "Dat ass dem Picasso säi Verdéngscht!", seet deen, deen duerch de ganz spezielle coup de foudre op d'Konscht komm ass. 

Eldorado 2.JPG
Filmfestival 2016

D'portugisesch Immigratioun kritt elo hir Plaz am Kino. "Eldorado" weist  ënnerschiddlech Geschichte vu Mënschen, déi zu Lëtzebuerg hiert Gléck sichen. Den Documentaire evitéiert dobäi all Klischeeë.

Alexis Juncosa.JPG
Filmfestival 2016

Dësen Donneschdeg leeft déi sechst Editioun vum Luxembourg City Film Festival un. De Programmkoordinator vum Festival, Alexis Juncosa, erkläert wat um Ecran a ronderëm leeft. A geet och op de Budget vum Festival an. 

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen