Kultur

Jay Schiltz Meenung
Lëtzebuerger Buchpräis

"Déifsënneg Wuertakrobatik, souwuel déif, wéi sënneg", sou kann een den Inhalt vun deem Buch beschreiwen, dat elo de Lëtzebuerger Buchpräis 2015 kritt huet: "Rasch(t)auer. Gedichter a Prosa" vum Roland Harsch. 

Zeimet Bettel Poos.jpg
100,7 Radiopräis 2015

De Szenarist huet mat "JRRIUE" déi éischt Editioun vum 100,7 Radiopräis gewonn. Thema vum Concours fir dat bescht Manuskript fir e Radio-Hörspill war “Krieg der Welten”.

Steve Lazarides
Street Art

Hien huet sech als Agent vum Banksy e Numm gemaach. Mëttlerweil verdéngt hie mat Street Art Milliounen. De Steven Lazarides ass net just an der Zeen weltbekannt. Dat war awer alles just puren Zoufall.

Bond, Auto, Jeep, Defender
Bond-Filmer

Wann de James Bond säi Wodka Martini drénkt, dann ass et der Gedrénksindustrie nach laang net egal wéineg Mark an d'Glas kënnt. An d’Gedrénks ass just e Beispill vun deem wat an de Bond-Filmer vermaart gëtt.

Gehier, Art Week, Expo Meenung
Konscht

Déi éischt Luxembourg Art Week ass eriwwer. Trotz enger ganz kuerzer Virbereedungszäit hunn d'Organisateuren et gepackt fir aus dem Event e grousse Succès ze maachen, fënnt de Christian Mosar. 

Mos Stellarium
Lëtzebuerger Documentaire

Mos Stellarium ass e poeteschen Documentaire iwwer sechs jugendlech Refugiéen zu Lëtzebuerg. Kee Voyeurismus a keng Indiskretioun. Déi speziell Kameraféierung setzt hir Erzielungen an de Mëttelpunkt.

Cléo Thoma Kommentar
Utopia

Utopia S.A. gëtt vun engem groussen internationale Kinos-Grupp opkaaft. Wat dat fir d'Programmatioun vum Utopia bedeit, ass ongewëss. D'Cléo Thoma ka seng Angscht viru Popcorn a Commerce net verstoppen.

Alex Reding, Audrey Bossuyt, Michael Krome,
Luxembourg Art Week

Am Konschtbusiness geet et ëm vill Suen. Awer Kommerz ass net alles. An net alles verkeeft sech. Fir d'Galerien ass et wichteg, eng Balance zwëschent Lukrativitéit an Originalitéit ze fannen. 

Josée Hansen
Konscht zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg steet net genuch hannert sengen Artisten, seet d'Josée Hansen. Zanter 20 Joer suivéiert si als Konschtjournalistin de Milieu vu bannen. An iwwerleet, wéi een et kéint besser maachen.

IMG_6495.jpg
Luxembourg Art Week

D'Luxembourg Art Week ass déi éischt grouss Foire fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg. Den Interesse vun de Konschtamateuren an Artisten ass enorm. Ass dee klassesche Vernissage elo 'out'?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen