Kultur

Time to hunt.jpg Filmkritik
Netflix

"Time to Hunt" ass eng südkoreanesch Mëschung aus Anticipatioun, Thriller a Gangsterfilm. Trotz interessanten Usätz (déi sozial Konsequenze vun enger Finanzkris) geet et séier Bierg of.

Chroniques d'une pandémie
Dokumentatioun vun der Corona-Kris

D'Ekipp vum CNA huet sechs Fotographen selektionéiert, déi si fir sechs Pandemie-Chroniken op verschidde Plaze geschéckt huet. Mir hu mat den ënnerschiddleche Fotografe geschwat.

Lovesick
Seriekritik

D'Serie "Lovesick" ass net déi Neisten. Mee fir de Moment ass se mat hire positive Vibes op eisen Ecranen zimmlech wëllkomm. D'Lara Bousch iwwer déi brittesch Serie "Lovesick".

L'Agent immobilier Kritik
Serie

Déi villschichteg franséisch Mini-Serie "L'Agent immobilier'', vum Duo Shira Geffen an Etgar Keret, gëtt ënner anerem vun engem iwwerzeegende Mathieu Amalric gedroen. Dës schwaarz Komedie ass op Arte ze gesinn.

BNL
Nominatioun

De Choix vun der Joanne Goebbels als nei Directrice vun der Nationalbibliothéik stoung um Ordre du jour an der Chamberkommissioun. D'Oppositioun konnt der Kulturministerin Sam Tanson Froe stellen.

Samuel Hamen Meenung
Fräie Mikro

Wat soll d'Konscht am Kontext vun der Corona-Pandemie leeschten? Muss se séier a gratis sinn? An ass hir mam grousse Wuert vun der Systemrelevanz bäizekommen? Iwwerleeunge vum Samuel Hamen.

Lutz Steiler - Stern111
Buchkritik

De Gewënner vun Buchpräis vun der Leipziger Buchmesse huet e beandrockende Roman geschriwwen. D'Thematik ass zwar net originell an innovativ, wat den Auteur awer zesummestellt, ass e klengt Wonnerwierk.

Komplott?
Komplottismus

Wéi ass d'Mamm vun de Komplott-Theorien entstanen? Wourunner erkennt ee se? A wéi widderleet een esou Theorien? De Christian Meyers, Fuerscher op der Uni.lu, ass der Saach op de Fong gaangen.

Esther Kinsky Schiefern
Buchkritik

Steng an Erënnerung - dat sinn der Esther Kinsky hir léifsten Theemen, a wéi gutt de Schifer an déi eege Memoire zesummepassen, zesummeginn, weist déi däitsch Schrëftstellerin mat hiren neie Gedichter.

Programm

Praktesch Infoen

  • 28.5. Generatiounen

    28.5. Generatiounen

    Eng Schutzfunktioun fir eise Kierper, staark Fraen, de Professer Thill, de Frigo ouni Äin an e Skandalfilm mat Musek vum Michel Legrand, déi en Oskar krut.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen