Kultur

Alain Damasio
Literatur

De renomméierte franséische Science fiction-Auteur anticipéiert mat sengem Roman "Les Furtifs" (Editions La Volte) déi geféierlech Entwécklunge vun der Kontrollgesellschaft an iwwer d'Widderstänn.

Viviane Daman
Viviane Daman - Kanner, Bicher an e Feier

Et gëtt Bicher, déi d'Welt net brauch. Eent dovunner ass dat neit Kannerbuch vun der Viviane Daman. Weder de Plot, nach d'Personnagë konnten eis Journalistin Valerija Berdi iwwerzeegen.

Estelle-Sarah Bulle
Literaturfestival "étonnants voyageurs"

"Là, où les chiens aboient par la queue", ass den Titel vum Roman vun der Estelle-Sarah Bulle. Eng Erzielung, déi eis déi rezent Geschicht vun der Gouadeloupe op eng empathesch Manéier méi no bréngt.

Todd Douglas Miller - Apollo 11
Filmkritik

To infinity and beyond. Ok, dajee alt. Da just bis op de Mound. Apollo 11 vum Todd Douglas Miller ass kee verstëpst Zäitdokument, mee e visuellt Erliefnis, dat och nach immens duerchduecht ass.

B-RADIO---SUMMERSAMMELSURIUM.jpg B-RADIO
B-RADIO

Summer ass Sonn, Summer ass Vakanz, Summer si Kandheetserënnerungen - eng lëschteg, rhythmesch an nodenklech Rees duerch eng hannerlëschteg Joereszäit!

jonk BAD
Invitées am Moies-Magazin

Hanner der Bezeechnung "Jonk BAD" verstoppt sech de Studentecercel vun de jonke Bibliothecairen, Archivisten an Dokumentalisten. Am Kader vum Archivmount 2019 gouf op enger Diskussiounsronn iwwer d'Zukunft vun de BAD Beruffer diskutéiert.

Pol Cruchten
Lëtzebuerger Kulturzeen an Trauer

De Mëttwoch den Owend koum d'Noriicht vum Doud vum Lëtzebuerger Realisateur Pol Cruchten, deen am Alter vun nëmme 55 Joer gestuerwen ass. E Portrait vum Martine Reuter.

Bremer Stadtmusikanten Wiki Commons
Kultur

Den 3. Juli 1819 gouf d'Déierequartett an de Bridder Grimm hire Kanner- an Hausmärercher ernimmt. An aus dem Mäerchen ass haut Bremer Kult ginn. An elo kréien d'Bremer Stadtmusikanten 200 Joer, an dat gëtt zu Bremen gefeiert.

Carlo Schmitz
Kultur

Kleng Mënsche mat groussen Nuesen an Déieren gläiche sech am Cartoonist Mordillo senge Männercher. Den Zeechner Carlo Schmitz am Gespréich iwwer dee weltbekannte Cartoonist, dee kierzlech verstuerwen ass.

Patrick Michaeli
Invité am Moies-Magazin

De Vertrieder vum natur musée mat Detailer iwwer d'Konferenz vum Wësseschaftsjournalist Philippe Henarejos: "Les premiers explorateurs de la Lune". Dëst ass den Owend d'Thema am natur musée.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen