Carl Adalsteinsson
De President vum Veraltungsrot vum Réseau vun de lokale Kulturzentren iwwer die lescht Entwecklungen. De Jean-Claude Majerus an d'Nathalie Bender féieren duerch d'Gespréich.
De President vum Veraltungsrot vum Réseau vun de lokale Kulturzentren iwwer die lescht Entwecklungen. De Jean-Claude Majerus an d'Nathalie Bender féieren duerch d'Gespréich.
Afghanistan ass e Land mat enger laanger Geschicht vu Konflikter. Mee dat war awer net ëmmer esou. An de 1960er Jore war Kabul eng modern an oppe Stad. D'Lara Bousch huet d'Dokumentarserie: "Afghanistan, das verwundete Land" gekuckt.
D'Groussregioun ass ëmmer erëm e Begrëff fir d'Gemeinsamkeete vun den dräi Nopeschlänner ervirzehiewen. Zanter enger Rei Jore gëtt et och eng Kulturzäitschrëft, déi déi kulturell Aktualitéit dovunner thematiséiert.
Viru véier Joer ass de Sculpteur a Moler Charles Kohl mat 87 Joer gestuerwen. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, mam Ed Kohl iwwer säi Brudder Charles ze schwätzen.
De Moler Helmut Dorner wëllt mat sengen abstrakte Peinturen de Moment festhalen an esou eng Zort Zäitlosegkeet schafen, fir Andacht suergen. D'Kerstin Thalau huet sech mam Moler ënnerhalen.
An hirem Buch "Enfance, instantanés" begrenzt d'Carla Lucarelli hir Erënnerungen un d'Kandheet, un d'Momenter bis si an de Lycée kënnt. Opwuessen am Minett, Verlaangeren no Italien, eng Zäit vum Entdecken a wëlle begräifen.
Kuerz nom Lockdown huet ee ganz séier gesinn, datt Artiste sech op Onlineplattformen ausgedréckt hunn. D'Natasha Ehrmann am Gespréich mam Galerist a CEO vun der Luxembourg Art Week.
D'Directrice vum Escher Theater huet hir zweete Saison déi lescht Woch presentéiert, eng Saison mat ville Contrainten. D'Carole Lorang ass Invitée am Studio beim Jean-Claude Majerus.
Dir gleeft net méi u Schof zielen oder Sandauere kucken? E Lauschter-CD kann Iech eventuell hëllefen Aschlofproblemer an de Grëff ze kréien. "Na dann gute Nacht! Das langweiligste Hörbuch der Welt".
Den Olivier Assayas huet mat ''Wasp Network'' déi reell Geschicht vu kubaneschen Agente verfilmt, déi wärend den 1990er Joren a Florida antikommunistesch Exil-Kubaner ausspionéiert haten.
Haut den Owend (11.8.) iwwerdroe mir um 20 Auer d'Session vun der Hannah Ida live.
D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.
De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen