Musek

Alexandra Oxacelay.JPG
Musikalesch Visitekaart

D'Directrice vun der "Stëmm vun der Strooss" ass Fan vu Musek aus den 80er. Schwéierpunkten an hirer Muskalescher Visitekaart si Rock, Liebeslidder a politesch engagéiert Songs. Si erkläert firwat.

Dieter Birr
Dieter Birr

Den Dieter Birr ass Sänger vun der DDR-Kultband "Puhdys". Am Interview schwätzt hie vun den Texter zwëschent den Zeilen, vun Touren ouni Bus, a vu senger Ausbildung an der DDR als Danzmuseker.

David Ianni
Pianist a Komponist

Zanter senger Kandheet komponéiert den David Ianni. Seng harmonesch Musek steet fir dat Gutt, fir Gléck an Hoffnung. Schif Téin si géint seng Natur. Seng Kraaft zitt de Pianist aus dem Glawen.

daniel müller schott
Klassik an Jazz

D'Musek méi no bei de Public bréngen. Dat ass d'Ambitioun vum Festival zu Iechternach. Dobäi hëllefe soll méi eng populär Programmatioun, aner Opféierungsplazen, an een Cellist vu Weltklassniveau.

Dieter Birr.jpg
Album vun der Woch

De fréiere Sänger vun der DDR-Kultband Puhdys dréint d'Auere mat sengem zweete Soloalbum e Stéck zréck. Hien erënnert un ee gedeeltent Land. A kuckt vun zwou Säiten op d'Mauer zwëschent Ost a West.

Deprez-Martine-2016.jpg
UGDA

En UGDA-Kongress ouni Iwwerraschungen am Stater Conservatoire. Am Hierscht d’läscht Joer gouf et un der Spëtzt vum Daachverband vun den Museksveräiner gréisser Turbulenzen.

Ina-Forsman.jpg
Album vun der Woch

Ina Forsman: Vill Soul, e Schotz Blues, knackeg Bléiser-Arrangementer ... an eng Stëmm, déi fir dee Genre wéi gemaach ass!

Tasha Taylor.JPG
Album vun der Woch

Eng funky Vitaminpëll am Vintage-Look: Dat ass "Honey For The Biscuit". Den neien Album vun der Tasha Taylor. Déi 13 Kompositioune ginn een Androck, wéi de legendäre STAX-Label haut kéint kléngen.

next-generation.jpg
Festival

Impressioune vun der 6. Editioun vum Festival Next Generation zu Bad Ragaz an der Schwäiz. Ee Concertspodium fir héichtalentéiert jonk Muséker, geleet vum kroatesche Pianist Drazen Domjanic.

Fred Medernach Kommentar
Kulturchronik

Mir hunn e Grammy kritt zu Los Angeles! D'Angélique, de Gast, den OPL, eisen Tountechniker. A ganz Lëtzebuerg mat. Wéi frou däerf een do sinn? De Fred Medernach deelt seng Freed an der Kulturchronik.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen