Musek

gei.jpg
Komponist vum Mount

Virun 125 Joer kënnt de Bohuslav Martin zu Policka op d'Welt. Béimen a seng Kultur sinn déi éischt Aflëss, mat deene sech eise Komponist vum Mount ausenanersetzt.

Ida Sand
Album vun der Woch

D'Kombinatioun ass net evident: déi schwedesch Jazz-Sängerin Ida Sand covert eng Dose Lidder vum Neil Young. Mee déi kanadesch Legend dierft mam Resultat vu 'Young At Heart' duerchaus zefridde sinn. 

Leopold Hager.jpg
Leopold Hager am Gespréich

Viru Kuerzem huet de Leopold Hager an der Philharmonie déi 6. Symphonie vum Anton Bruckner dirigéiert. De Guy Engels huet mat dem laangjärege Chefdirigent iwwer seng Zäit zu Lëtzebuerg a seng Léift fir de Mozart geschwat.

ToshioHosokawa.jpg
Den Toshio Hosokawa zu Lëtzebuerg

Den Toshio Hosokawa ass ee vun deene bedeitendsten zäitgenëssesche Komponisten. D’Europapremière vu sengem neiste Wierk „Nach dem Sturm“ – an deem et ënnert anerem ëm Fukushima geet – war zu Lëtzebuerg.  

Christoph König
Solistes Européens Luxembourg

Den Orchester Solistes Européens, Luxembourg spillt zu onrecht déi zweet Gei, fënnt de Christoph König. Den Dirigent fuerdert méi Unerkennung a wëll den Ensemble international positionéieren.

Lisa Bassenge
Album vun der Woch

Chanson meets Jazz, mat Aflëss vu Pop an Elektronik. Déi däitsch-iranesch Sängerin Lisa Bassenge covert Kompositiounen aus de 60er a 70er Joeren ‘made in California’ vun den Doors bis bei d'Beach Boys.

Lisa Berg - White
Disk vum Lisa Berg

D'Lisa Berg huet Leukemie. Doraus huet d'Cellistin kee Geheimnis gemaach. Hiren Debut-Album "White" koum den 11. November eraus. Een Dag, ier si fir eng Transplatatioun an d'Spidol goung.

Cesar Franck
Komponist vum Mount

1871 gouf déi franséisch "Société nationale de musique" vum César Franck matgegrënnt. Dem Komponist vum Mount. Säin däitschen Afloss op déi patriotesch geprägte Gesellschaft huet zu Streidereie gefouert.

De Ben Konen mat senger Band
Jazzmuseker an den USA

De Lëtzebuerger Jazz-Museker Ben Konen lieft zu New York, an huet zu Boston um berühmte Berklee College of Music studéiert. Hie war mat sengem Vibraphon zu Washington an der Ambassade op Besuch.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen