Musek

De Skibi um Chop Chop Chop
Subkulturen

D'Rockhal huet e Festival organiséiert, fir d'Lëtzebuerger Hip Hop Zeen ze feieren. Rap ass zu Lëtzebuerg sou populär wéi nach ni. Allerdéngs ass de Grand-Duché bei dësem Trend hannendran.

BloodRedShoes
DJ Set vu Blood Red Shoes

Si hunn op der Afterparty nom Pixies-Concert am 100,7-Studio fir Stëmmung gesuergt. Lauschtert den DJ Set vu Blood Red Shoes mat Klassiker tëschent The Jesus and Mary Chain an Dire Straits.

Shuggie Otis
Shuggie Otis - Inspiration Information

Groove, Charme a vill Zocker: den Album, dee 74 senger Carrière en Enn gesat huet. De Shuggie Otis ass eng musikalesch Figur, déi a Vergiessenheet geroden ass. Den Jamie Reinert kuckt zeréck.

Marc Meyers
Stater Conservatoire

De Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire mengt, datt Lëtzebuerg räif fir en Departement fir Al Musek wier. En éischte Schrëtt gouf elo mat der Iwwerreechung vun enger Barockgei gemaach.

Napoleon Gold
Sunset Model

De Produzent Antoine Honorez presentéiert säin éischte Longplayer. Et ass eng Kollaboratioun mat ville Gäscht. Fir d'Texturen an d'Sounds huet hie mat sengem Produzent Pierre-Hadrien Trigano zesummegeschafft.

Les Nuits
Musek an der Groussregioun

Eng knapps Autosstonn vu Lëtzebuerg ewech ass dëse Weekend e gemittleche Festival mat groussen Nimm aus der Indie-Zeen. De Kader ass besonnesch: D'Concerte gi quasi all an enger Kierch iwwer d'Bühn.

Dyson Stringer Cloher
Dyson Stringer Cloher - s/t:

Dyson, Stringer a Cloher assuméieren, ob si et wollten oder net, d'Roll vun Ambassadricen, déi Jonker, natierlech virun allem jonk Frae mat der Hand huele fir eng kuerz Streck, hinnen de Réck riicht maachen an d'Schëllere breet strecken.

Led Zeppelin 2
Déjà Vu

Viru genee 50 Joer koum den zweete Release vun der Band eraus a war de Startschoss fir eng international Carrière sonnergläichen. De Fred Medernach kuckt op den Album zeréck.

Sandro Perri photo by Colin Medley
Sandro Perri - Soft Landing

Dem Sandro Perri seng nei Scheif "Soft Landing" stécht voller delikate Momenter. De Museker schaaft eng besonnesch ënnerdriwwen Atmosphär. D'Melodien entfale sech ganz organesch an hirem eegenen Tempo.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen