Musek

Bryn Terfel
De Bass-Bariton Bryn Terfel

De waliseschen Operesänger Bryn Terfel war Invité vum OPL fir d'Ouverture vun där neier Saison. Am Gepäck hat de Sänger och Lidder aus Wales, ee Land, dat de Kënschtler gepräägt huet.

Pascal Schumacher
Eurosonic 2018

De radio 100,7 huet "Drops and Points" fir dee gréisste Showcase-Festival aus Europa selektionéiert. Mam elektronesche Projet wéilt hien ënnert anerem de Pop-Marché cibléieren, seet de Pascal Schumacher.

Trendscheif
Nei Emissioun Trendscheif

"Trendscheif" ass eng nei Musek-Emissioun um radio 100,7. Den Jamie Reinert an den Yves Stephany diskutéieren all Woch iwwer nei Verëffentlechungen. Dobäi kënnen och mol d'Fonke fléien.

Lamy.jpg
Nei CD vum Greg Lamy 4tet

De leschten Opus vum Greg Lamy 4tet mam Titel "Meeting" koum 2014 eraus. Déi nei CD "Press Enter" gëtt de 7. Oktober an de Rotonden zu Bouneweg am Kader vun engem Concert virgestallt.

De Walter-Wolfgang Sparrer (l) zesumme mam Isang Yun (r) 1992
Isang Yun

Wéi dem Isang Yun seng Mamm iwwert him schwanger war, hat si e propheteschen Dram: E verletzten Draach ass déif ënnert de Wolleke geflunn. En Zeeche fir e bedeitend awer schwéiert Schicksal.

Cremona
Kammermusek

2013 huet sech de Quartetto di Cremona opgemaach fir sämtlech Sträichquartetter vum Beethoven opzehuelen. Elo koum de leschte Volume vun dësem Projet eraus. D'Intégrale huet Referenzcharakter.

Alex Cameron
Forced Witness vum Alex Cameron

Ass et Kritik, Satir oder séngt den Alex Cameron iwwert sech? Den Australier beschäftegt sech mat rosene wäisse Männer. D'Lidder sinn deguelasse an danzbar. Kierperflëssegkeete bilde meeschtens d'Basis.

Cathy Krier.JPG
Nei CD vun der Cathy Krier

Nom grousse Succès vun hirem Schönberg-Album presentéiert d'Pianistin Cathy Krier elo hiren neien Disk: "Masques", mat Wierker vum Claude Debussy a Karol Szymanowski, publizéiert bei Avi-music.

Grizzly-Bear-Tom-Hines-1A7A7954-L.jpg
ALBUM VUN DER WOCH

De fënneften Album vun der US-amerikanescher Indie-Rock-Band weist sech Schicht fir Schicht, Stëmmung fir Stëmmung, Dag fir Dag. "Painted Ruins" besteet aus originelle Rhythmen a vill Synthesizeren.

Kursaal San Sebastian
Orchestre Philharmonique a Spuenien

Den OPL huet e Sonndeg seng Tournée duerch Spuenien um "Palacio de Festivales de Cantabria" zu Santander ofgeschloss. Virdrun huet den Orchester zwee Concerten um "Quincena Musical" gespillt.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen