Musek

Them Lights
Nei Single Made in Luxembourg

Wat bleift iwwreg, wann ee sech vun allem Iwwerflächlechem trennt? Déi Fro stellt sech de Sacha Hanlet alias Them Lights a senger neier Single. Et mécht also Sënn, datt hien elo ouni Band optrëtt.

Fat White Family
Fat White Family - Serfs Up!

No Drogeproblemer a Streidereien huet een dräi Joer näischt vu Fat White Family héieren. Elo koum hiren neien Album eraus. En ass grandios. Hiren drëtten Album "Serfs Up!" huet et a sech, fënnt den Yves Stephany.

ÆM am Studio vum 100,7
Nei Musek vu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg kënnt mëttlerweil quasi all Dag nei Musek eraus. Haut presentéiert déi jonk Sängerin a Produzentin ÆM hiren éischte Song. "City Ties" ass en elektronesche Popsong, dee kristallkloer, fragil an intimistesch ass.

NAS
Nas - Illmatic

Dem Nas säin Debut "Illmatic" feiert dëse Mount 25 Joer. Dëse gëtt dacks als dee beschten Hip-Hop Album aus den 90er zitéiert. "Illmatic" ass eisen Déjà-Vu Album vun der Woch, presentéiert vum Jamie Reinert.

Klassik CD vun der Woch 19-04-2019
Klassik-CD vun der Woch

Ee Pianist a fënnef Sträicher: Méi brauch ee wéi et schéngt net fir dem Frédéric Chopin seng Concertoen ze interpretéieren. Den Orchester feelt beim David Lively senge Versiounen zu kengem Moment.

Louis Cole
Interview Louis Cole

The jazz-funk multi-instrumentalist from LA talks about his latest release "Live Sesh and Xtra Songs", humorous music, his DIY aesthetic, crappy violins and the fantasy of working with James Brown.

first breath after coma
Visuelle Post Rock

Si gleewen un d'Format vum Album. Dofir hu si e Film zu hirem neie Wierk "NU" realiséiert. Hir Musek ass nëmme schwéier ze klasséieren. Dësen Donneschdeg si First Breath After Coma am Gudde Wëllen.

Bobby Bieles
Hip Hop um radio 100,7

D'Emissioun Ligne 2 ass e wichtege Rendez-vous fir d'Frënn vum Hip Hop zu Lëtzebuerg. All Samschdeg mixt de Bobby Bieles Musek, déi hien inspiréiert. Déi 30. Emissioun gouf grad diffuséiert.

Rodrigo Y Gabriela
Gittar-Duo am Concert

Zwou Gittaren, méi brauche si net. Rodrigo Y Gabriela fëlle mat hirer minimalistescher Approche Concertssäll. Dësen Donneschdeg spille si am Atelier. Am Gepäck hu si deen neien Album "Mettavolution".

Glen Hansard
Glen Hansard - This Wild Willing

Den Album vun der Woch kënnt aus Irland. Dem Glen Hansard, fréiere Frontmann vun der Dubliner Band The Frames, ass mat senger neier Scheif "This Wild Willing" e besonnesche Worf gelongen, mengt de Marc Clement.

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen