Musek

Andrew Manze
Andrew Manze

Den Andrew Manze ass eigentlech ee Spezialist vun aler Musek. Dëse Freideg verléisst den Dirigent säi gewinnten Terrain. Hien dirigéiert den OPL a Wierker vun Haydn an Nielsen. Ee Gespréich.

Gregor Meyle
Gregor Meyle

Dem däitsche Songwriter Gregor Meyle säi fënneften an neien Album heescht "Die Leichtigkeit des Seins". Hie proposéiert zéng Lidder wou virun allem vu Gléck, Frëndschaft a Léift erzielt gëtt.

Räpzodi
Akustesche Rap

Räpzodi ass een neie Projet ronderem de Lëtzebuerger Rapper Tommek. D'Beats gi live vun enger akustescher Band gespillt. An der Fotell vum Produzent sëtzt de Lidderschreiwer Serge Tonnar.

David Laborier
Musikalesch Visittekaart

Den Jazzmuseker ass oppe fir Experimenter. Jazz trëfft bei him och schonn emol op Electronic. Op senger Playlescht stinn awer virun allem déi jazzeg 1960er Joren.

David Coverdale
Hardrock

"Coverdale•Page" vun 1993 ass ee vun den ënnerschaten Albumen aus der Rockgeschicht. Et ass eng vun deene beschte Produktioune vun den Hardrock-Giganten Jimmy Page an David Coverdale.

Kate Bush
Musek

D'Kate Bush ass net frou mat der Plackenindustrie, Internet a Youtube. Hiren Album "Before the Dawn" ass dofir een Dokument. Dorop fënnt een onverschaffte Live-Opname vun hirer Tournée 2014.

Pascal Schumacher Uberbach
Klassik

Viru kuerzem huet de Pascal Schumacher um Klassikprojet "ÜberBach" matgeschafft. Ee Projet, iwwer de Johann-Sebastian Bach, "mat Plazen, wou et einfach rockt." Ee Gespréich mam Vibraphonist.

Maurice Clement
Musikalesch Visittëkaart

Den "Organiste titulaire" vun der Philharmonie lauschtert traditionell Musek aus aner Kulturen, Klassik mee virun allem Jazz sinn déi Museksgattungen, déi de Maurice Clement begeeschteren.

Mikael-Akerfeldt.jpg
Metal

Wann de Publikum d'Lidder virum Concert kennt, komme se besser un, sou de Mikael Akerfeld. De Sänger vun Opeth schwätzt iwwer seng rezent Entwécklungen, de Studio vu Queen a Concerten an der Oper.

Cristina Branco
Christina Branco am Gespréich

De Fado wuerzelt an der Traditioun. Fir d'Christina Branco heescht dat awer net, datt en op der Plaz trëppelt. A scho guer net, datt et eppes Verstëbstes wier. Déi engagéiert Sängerin huet vill ze soen.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen