Musek

Alt-J-Atlantic-Records.jpg
Album vun der Woch

Mat hirem drëtten Album knäppt Alt-J un eng al Traditioun am Indie-Rock un: Si dréinen enger schéiner Iddi d'Loft of. En éischte Bléck op hir aktuell Placke "Relaxer", déi net am klassesche Sënn afänkt.

Jean-Claude Braun - Militärmusek
175 Joer Militärmusek

Dëst Joer feiert d'Lëtzebuerger Militärmusek hir 175 Joer. Mee firwat brauch d'Arméi iwwerhaapt en Orchester? A wat fir ee Stellewäert huet d'Militärmusek zu Lëtzebuerg? Ee Bléck hannert d'Kulissen.

big thief
Indie Rock

"Capacity" ass den zweeten Album vun der Brooklyner Indie Rock Band Big Thief. Eng wëll, melancholesch Plack mat sënnlechen Texter déi vun der Sängerin Adrianne Lenker hirer subtiller Stëmm geleet gëtt.

Sophia Kennedy
Sophia Kennedy

D'Sophia Kennedy verëffentlecht e maitriséierten éischten Disk. Hëllef krut si vun engem etabléierten däitsche Museker. Et gëllt, déi jonk Sängerin am Aen ze halen. Wie weess, wat do nach kënnt.

jiri-belohlavek-foto-petra-hajska.jpg
Klassesch Musek

De Jiří Bělohlávek ass no laanger Krankheet am Alter vun 71 Joer gestuerwen. Als Chefdirigent an Directeur artistique huet hien der Tschechescher Philharmonie zu internationaler Unerkennung verhollef.

perfumegenius
Pop

Intim Songs, déi zum Deel opulent arrangéiert sinn. Sou kléngt deen neien Album vu Perfume Genius. "No Shape" ass manner direkt a méi erwuessen, wéi dem Museker seng fréier Aarbechten.

WAMF.jpg
When 'Airy Met Fairy

"Glow" ass den Debut-LP vu When 'Airy Met Fairy. D'Thorunn Egilsdottir dréint dem Mainstream de Réck a weist hir fragil Säit. Island spillt eng Roll an der Musek vum Trio. Awer och Lëtzebuerg.

Temples.jpg
Psychedelic Rock

E psychedelesche Vulkan dee mysteschen an héich ästhetesche Sound späizt. "Volcano" ass den zweete Longplayer vun Temples. Trotz méi poppegen Arrangementer, bleiwen d'Brite sech selwer trei.

klein.
Neie musikalesche Projet

De Jérôme Klein ass ee vun deene villsäitegste Museker zu Lëtzebuerg. Elo lancéiert hien deen éischte Projet, wou seng eege Musek am Mëttelpunkt steet. Hie gëtt vu bekannte Gesiichter encadréiert.

Mac De Marco
Album vun der Woch

Dem Mac DeMarco säin drëtten Album begeeschtert duerch ee Sound, deen net stéiert, awer den Nerv vun der Zäit trëfft. En Album vun engem jonken alen Hues, deen d'Nolauschterer a seng Musek awéckelt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen