Musek

Cathy Krier
Klassesch Musek

De Palmarès 2016 un den ICMA ass elo bekannt. De radio 100,7 ass am Jury vum renomméierte Präis fir klassesch Musek vertueden. Och dëst Joer waren nees Musekerinnen a Museker vu Lëtzebuerg nominéiert.

Atlas Maalouf.jpg
Natacha Atlas

Wie mengt, d'Natacha Atlas wier just déi europäesch Stëmm aus dem Orient, den huet sech geiert. Dat beweist si op hirem neien Album "Myriad Road".

battistella.JPG Portrait
Musek-Produzent

De Marco Batistella jr. huet e spannende Beruff. Hien ass Produzent vu klassescher Musek. Partiture vu Wierker si fir hie genee sou wichteg, wéi Mikroen. 2015 huet hie ronn 60 Opname gemaach.

Albena Petrovic
Optakt

"Crystal Dream" si Kompositioune vum Albena Petrovic-Vratchanska, interpretéiert vum Romain Nosbaum. De Guy Engels huet sech mat der Komponistin ënnerhal.

Eurosonic
Eurosonic 2016

Beim wichtegste Festival fir nei musikalesch Trends läit de Fokus dëst Joer op zentral- an osteuropäesche Länner. E Bléck op eng Musékswelt déi hei manner bekannt ass - wat net onbedengt een Zoufall ass. 

gei.jpg
Komponist vum Mount

De Léo Delibes (1836-1891) louch mat senge Kompositiounen ëmmer um Bols vun der Zäit: vu “L'omelette à la Follembiche” bis bei sozial Spannungen a  "Kassya", d'Oper iwwert eng Bauererevolt. 

David Bowie (c)Mick Rock
David Bowie

Den David Bowie ass am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Hie war ee vun deene wichtegsten Erneierer vum Pop. Hien huet sech selwer a seng Musek ëmmer nees nei erfonnt. Och op sengem leschten Album.

casting-nets.jpg
Album vun der Woch

Zäit hunn ass sech Zäit huelen: den Debutalbum vum Trio 'Distance, Light & Sky' ass e rouegt Wierk. Akustesche Songwriting, onopgereegt an awer mat Charme. Den ideale Begleeder fir eng Auszäit.

chris maas.jpg
Lëtzebuerger Drummer

De Lëtzebuerger Chris Maas ass fräiberuffleche Museker, deen zu London Perkussioun studéiert huet a mëttlerweil mat weltbekannte Bands ënnerwee ass.100,7-Interview mam talentéierte Batteur.

David Wagner
Nei Emissioun

Vum 8. Januar u moderéiert den David Wagner d'Emissioun "Metal Meltdown". Um Freideg Owend kritt d'Metal-Zeen domat ee Forum um ëffentlech-rechtleche Radio. Dofir ginn et gutt Grënn.

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen