De Bléck aus der Fënster
Wann een dobannen eng vulnerabel Persoun wëllt beschützen, wärend dobaussen d'Liewe weidergeet mat Kärcheren an Auto botzen: E Lidd iwwer d'Relativitéit vu Gefor a Misère.
Wann een dobannen eng vulnerabel Persoun wëllt beschützen, wärend dobaussen d'Liewe weidergeet mat Kärcheren an Auto botzen: E Lidd iwwer d'Relativitéit vu Gefor a Misère.
Maddy - Cool: Eng Single mat engem funkege Groove an engem iwwerraschende méistëmmege Gittarsintermezzo setzt den Toun. Mir hu mam jonke Museksstudent zu Amsterdam geschwat.
Nodeems iwwer 60 Leit beim éischte Chouer matgemaach hunn, lancéieren den INECC an de radio 100,7 eng zweet Editioun, bei där jiddweree matmaache kann. Um Programm: "Tourdion" mam Dirigent Marc Dostert.
Lëtzebuerger Museker a Bands schreiwe Lidder aus der Quarantän fir de radio 100,7. Dräimol an der Woch gëtt en neie Song virgestallt. D'Contributioun vun Autumn Sweater heescht "Half of March".
De Florian Schneider ass dout. Als Matbegrënner vum Musek-, Konscht- an Technikprojet Kraftwerk war hien ee vun deenen aflossräichste Popmuseker weltwäit. Een Noruff vum Marc Clement.
D'Annulatioun vun alle kulturelle Manifestatiounen huet dozou geféiert, datt vill MusekerInnen eleng doheem sinn. De radio 100,7 huet 13 Lidder an Optrag ginn. Deen éischte Song kënnt vu Francis of Delirium.
De Singer-Songwriter vu Seattle ass an der Lescht nees schéi produktiv. Den Indie Veteran Damien Jurado léisst seng Lidder nees schéin ootmen a reduzéiert sech op de Essentiellt.
D'Proufsäll an all aner Espacë vum Rocklab si momentan zou. Trotzdeem gëtt weiderhin eng Offer mat Informatiounen, Tipps an Tricks offréiert. Véier Videoe ginn all Woch publizéiert.
Dee fënneften Album vun der amerikanescher Kënschtlerin Fiona Apple ass vun enger Déift, enger Intensitéit a Schéinheet, un där een als Fan laang wäert ze knaen hunn. D'Vicky Stoll ass begeeschtert.
Déi éischt Editioun vum Online-Chouer vum INECC a vum radio 100,7 ass ofgeschloss. Iwwer 60 Leit hu sech beim Sange gefilmt an hir Clips erageschéckt. De fäerdege Video an d'Hannergrënn fannt Dir hei.
Haut den Owend (11.8.) iwwerdroe mir um 20 Auer d'Session vun der Hannah Ida live.
D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.
De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen