Musek

Koll an Aktioun
Koll an Aktioun On Air

Vill Festivalle goufen ofgesot. De Koll an Aktioun wäert net ënner der gewinnter Form zu Maartel iwwer d'Bün goen. Awer dee schéinste Lëtzebuerger Festival huet eng aner Plaz fonnt, fir ze feieren.

Den Daniel Balthasar an der Këscht
Musek aus dem Confinement

"The Long Lost Art Of Getting Lost" heescht den neien Album vum Daniel Balthasar. Dat Besonnescht dorun? Déi zéng Songs goufe vum Sänger an enger grousser Kartongskëscht opgeholl a produzéiert.

M. Ward Migration of souls.jpg
Musek

Eisen Album vun der Woch kënnt vum M. Ward, engem Singer-Songwriter a Gittarist aus dem Oregon, deen op senger neier Plack "Migration Stories" Country, Ambient a Pop aneneelafen deet.

Claudio Caruso
Live Dj-Set

De Claudio Caruso huet eng Passioun fir Placke vun allen Zorten a Stiler. Säin Häerz awer schléit fir minimal Techno-Musek. De Werdegang vum DJ a Vinyl-Liibhaber.

Stephan Gehmacher
Philharmonie

Zanter gewosst ass, datt bis den 31. Juli keng grouss Manifestatiounen erlaabt sinn, gëtt et och fir d'Philharmonie Kloerheet: D'Saison 2019/2020 ass eriwwer. Wat bedeit dat fir d'Concertshaus?

Jimmy Leen
Nei Single vu Leen - Black Hole Summer Song

An enger neier Single erfuerscht de Lëtzebuerger Sänger Jimmy Leen zesumme mam Hip-Hop-Produzent Jacques Rasic déi däischter Säit vun eisem Summer-Spaass. De Marc Clement huet mam Jimmy geschwat.

Beethoven BD
BD iwwer de Beethoven

Déi batter, däischter an zum Deel makaber Komedie vum Auteur Peer Meter léisst ee mat lauter verschidden Erzielunge säin eegent Bild vum Komponist Ludwig van Beethoven a Fro ze stellen.

Yves Tumor
Yves Tumor - Heaven To A Tortured Mind

Yves Tumor sinn am Mainstream ukomm. Statt Sellout ass de véierten Album awer virun allem d'Verweigerung vu musikalesche Limitten an eng Ode un d'Widderspréch. Eisen Album vun der Woch.

Edsun Loverboy
Trotz Ausgangsspär

Dem Edsun seng nei Single "Outtaspace Loverboy" ass Deel vun engem Effort, sech méi fir déi positiv Säite vum Liewen opzemaachen. Lauschtert d'Gespréich mam Edsun iwwer "Outterspeace Loverboy" hei.

Napoleon Gold
Vun der Insomnie bei den Album

Zanter senger Kandheet leit den Antoine Honorez ënner Schlofstéierungen. Op sengem Debut verschafft hien dat op eng labber an dreemeresch Manéier. Mee wéi entwéckelt een aus enger Iddi e musikalescht Konzept?

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen