Wëssen

Group of People Waving Portuguese Flags in Back Lit Concept
Migratioun

D’Portugise sinn déi gréissten auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Hannergrënn vun der Migratioun gëtt wéineg geschwat. D’Uni Lëtzebuerg hat eng akademesch Konferenz zum Sujet organiséiert.

Nationalarchiv-2.JPG
Archivgesetz

Geschichtsschreiwung ouni Archiven ass net denkbar. Historiker brauche Quellen aus der Vergaangenheet. Déi mussen allerdéngs sou komplett wéi méiglech sinn. Dat geplangtent Archivgesetz soll hëllefen.

Denis Scuto
Zäithistoriker

Den 21. Februar 1916 goung déi fir dat 20. Joerhonnert wichteg Schluecht vu Verdun un. Den Zäithistoriker Denis Scuto erënnert un eng Rei Changementer, déi d'Epochejoer 1916 zu Lëtzebuerg bruecht huet.

umberto eco.jpg
Dout vum Umberto Eco

De weltbekannten italiéinesche Schrëftsteller, Philosoph a Sproochwëssenschaftler Umberto Eco ass dout. Hien ass e Freideg Owend am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

Renée Wagener.jpg
Institut fir Zäitgeschicht

An Zäit vun e puer Wochen diskutéiert d’Chamber zweemol iwwert de geplangten Institut fir Zäitgeschicht. Moutarde après dîner? Dat freet sech d'Zäithistorikerin Renée Wagener.

Business Man Stealing Idea, Steal Idea Concept
Betribsgeheimnis

Betriber besser virun Industriespionage schützen. Dat ass d’Haaptzil vun der Direktiv "Betribsgeheimnis". Am Mäerz kéint se gestëmmt ginn. Kritiker gesinn eng Gefor fir d’Informatiounsfräiheet.

Stau zu Bréissel um Ring Analys
Verkéiersproblematik zu Bréissel

All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.

coffin shop
Doudegriewer

Stierwe muss jiddereen eng Kéier. Dat heescht also doudsécheren Ëmsaz fir d'Doudegriewer. Awer d'Branche huet sech den economeschen, ecologeschen a gesellschaftleche Verännerunge missen upassen.

Marc Fischbach.JPG
Marc Fischbach

Dem Marc Fischbach goung et a senge ville Funktiounen ëmmer ëm d'Dignitéit. Mam Jay Schiltz schwätzt hien iwwer seng politesch Carrière. Iwwer Héichten an Déiften. An iwwer d'Erfëllung als Ombudsmann.

cleverbot.jpg
Artificiell Intelligenz

“Die Geister, die ich rief, werd ich nun nicht los.” Wat de Goethe sengem Zauberlehrling an de Mond geluecht huet, gëllt och fir eise Rapport mat der méiglecher Realisatioun vun artificieller Intelligenz.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen