Wëssen

Europa Schëld
ASEM-Sommet

Asien an Europa méi no zesummebréngen. Dat ass d'Zil vum Asia-Europe Meeting. Wichteg Theme waren dëst Joer d'Sécherheet a Preparatioune fir de Klimasommet am Dezember zu Paräis.

Sculptured by Roublliac in 1755 this is a statue at Trinity College Cambridge University of Sir Isaac Newton 1643-1727 a famous English physicist, mathematician, astronomer, and alchemist. While at Trinity he developed his theory of gravitation after watc
Revolutioun an der Physik

Den englesche Physiker Isaac Newton (1643-1727) huet séngerzäit gewisen, datt d'Kraaft, déi den Apel falen deet, och d'Äerd op der Bunn ëm d'Sonn hält. Dës Iddië gounge souguer duer fir op de Mound ze fléien!

Äerderwäermung, Klima, Migratioun
Klimawiessel a Migratioun

An den nächste Jorzéngte wäerten et ëmmer méi Klimaflüchtlinge ginn: et gëtt vun 200 bis 350 Millioune Mënsche bis 2050 geschwat. Fir datt déi Zuel erof geet muss Experten no op verschidde Pläng gehandelt ginn.

scuto.jpg Meenung
Den Zäithistoriker

Grondelementer vun der Kollaboratioun am zweete Weltkrich si laang bekannt, d'Schéier am Kapp huet verhënnert, Konklusiounen doraus ze zéien. De Rapport Artuso ass e wichtege Schrëtt an där Entwécklung.

Jonker, Computer
Bits & Bytes

Op HacKids, Coder Dojo oder Raspberry Jam si just e puer Beispiller. Eppes steet fest: d'Jugend hackt, an zwar weltwäit a net ze knapps, och zu Lëtzebuerg. D'Zild'Gesellschaft am Positive veränneren.

Retour vun Tambow
Tambow-Iwwerliewenden

De 5. November 1945 sinn déi lescht Lëtzebuerger aus sowjetescher Gefaangenschaft heem komm. Ënnert hinne war de Jos Steichen. Deen haut 91-jähregen erzielt vu sengen Erliefnisser am Lager zu Tambow.

Magnéit, Physik
Physik

Fir d'Physiker ass et ee vun de gréisste Genien vun hirem Fach, an dach ass en ausserhalb vun de wëssenschaftlech interesséierte Kreesser kaum bekannt. Dobäi huet hien a verschidde Beräich fundamental Erkenntnisser gemaach. Rieds geet vum James Maxwell. 

scuto.jpg
Geschicht

“Eng nei Zäit” ass fir den Denis Scuto net nëmmen e schauspilleresch, szenaresch, a visuell gelongene Film. E weist och wat eng Fiktioun, wat kënschtleresch Imaginatioun, der Geschicht an enger Erënnerungs-Politik kënne bréngen.

Äerd, Planéiten
Physik

"De Weltraum ass net wierklech grouss, et ass just eppes an deem e ka grouss sinn!", heescht et am Terry Pratchett sengem Roman The Light Fantastic. Mee wéi grouss ass en da wierklech, de Weltraum? A wéi wäit ass et bis zu anere Planéiten, Stären, Galaxien?

Close up of Application for Schengen visa
Europa

De 14. Juni 1985 hunn Frankräich, d’Belsch, Däitschland, Holland a Lëtzebuerg – op der Marie-Astrid – den Accord vu Schengen ënnerschriwwen. 30 Joer méi spéit steet Schengen viru groussen Erausfuerderungen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen