Schwéierpunkt vum Dag
/ D'Enseignantsgewerkschafte reagéieren op de Koalitiounsaccord
D'Enseignantsgewerkschafte reagéieren op de Koalitiounsaccord
4 min
Een oppene Kommunikatiounsstil an d’Lauschteren op d’Enseignanten um Terrain fuerderen d’Enseignantsgewerkschaften SNE an SEW. Am iwwer 15 Säite laangt d’Kapitel iwwer d’Educatioun am frësch ënnerschriwwene Koalitiounsaccord gesinn den SNE an den SEW eng Rei positiv Saachen. Bei anere Punkte géif et awer nach vill Interpretatiounsspillraum ginn. Esou begréisse si zum Beispill, datt de Sproochenunterrecht am Lycée soll iwwerduecht, an déi parallel Alphabetiséierung op franséisch an däitsch wëssenschaftlech evaluéiert soll ginn. An awer géif et hei nach Loft no uewen.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder