Radioen

On air

9 bis 1  |  Blake Mills - Hey Lover

play_arrow Live
arrow_back_ios

Webinar

100komma7.lu / Webinar

/ Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonker

Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonker

headphones

86 min

Lauschteren play_arrow

Participatioun ass ee vun de véier grondleeënde Prinzippie vun de Kannerrechter. Fir de Courage ze hu seng Meenung ze äusseren, ass et wichteg, datt Kanner a Jonker wëssen, datt si d’Recht hu gehéiert an eescht geholl ze ginn.
Andeems een hinne Participatioun bäibréngt, léiere si hir Usiicht argumentéieren a sech esou an der Gesellschaft, op hirer Aarbecht, an der Fräizäit an an hirem Privatliewen anzebréngen. Just duerch Participatioun léiert een, datt een eppes ka bewierken. Dës Eegewierksamkeet ass wichteg fir eng Demokratie, déi all Bierger wëllt mathuelen.
Participéiere kann een deemno net nëmmen, wann ee volljäreg oder politesch aktiv ass.
Schonn an der Maison relais kann ee Kanner weisen, wat et heescht, sech an eng Decisioun anzebréngen, sech ze engagéieren a selwer dozou bäizedroen, datt eppes, wat geplangt gëtt, och e bëssen esou gëtt, wéi ee sech dat virstellt.
Participatioun motivéiert fir sech ze engagéieren.
Fir datt ee gutt ka participéieren, muss een üben: sech virbereeden, léiere mat Géigenargumenter eens ginn, ofweien, iwwerzeegend sinn, e Konsens fannen.
An dësem Webinar kucke mir, wéi Participatioun an der formaler an an der informeller Bildung zu Lëtzebuerg, souwuel an der Grondschoul wéi am Lycée, awer och baussent der Schoul ka gefërdert ginn. Wat sinn Hürden? Wie muss alles agebonne ginn? Wat kréien ech zeréck, wann ech vu mengem Recht op Participatioun Gebrauch maachen? An zu wat engagéieren ech mech? Kann ech engem anere Participatioun bäibréngen? Andeems ech se virliewen? Oder an der Schoulgemeinschaft e Parlament opbauen?
Iwwer d’Wichtegkeet vu Participatioun fir jiddweree schwätzen an dësem Webinar:
• de Marc Birchen, Geschichtsprofesser an nationale Coordinateur vun den Debate Clubs (SCRIPT)
• d’Jana Degrott, Social Entrepreneur, Grënnerin vu WeBelong, fërdert jonk Politik-interesséiert Leit
• de Sam Elsey, Schüler am Lycée Aline Mayrisch, President vum Schülercomité, President vum Jugendparlament
• d’Vanessa Reinsch, Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)
Donieft héiere mir Aussoe vu Mënschen, déi sech schoulesch oder ausserschoulesch mat der Participatioun befaassen.
De Webinar gëtt vum Natasha Ehrmann vum radio 100,7 moderéiert.

Politik a Gesellschaft
Edukatioun

Episod