Radioen

On air

Moiesstudio  |  Sébastien Tellier - La Ritournelle (Mr. Dan's Magic Wand Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Webinar

100komma7.lu / Webinar

/ Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

headphones

84 min

Lauschteren play_arrow

Schüler:innen, Elteren an natierlech och Léierpersonal, si all ginn e puermol am Laf vum Schoulwee mam Theema Orientéierung konfrontéiert. Fir eng gutt Decisioun kënnen ze huelen, brauch een déi richteg Informatioun. D’Schoulfoire bitt dës Joer scho Sonndegnomëttes d’Méiglechkeet fir Eltere sech ze informéieren iwwer déi verschidde Bildungsweeër. Vu sonndes, dem 21. Abrëll bis mëttwochs, dem 24. Abrëll, fënnt een op der drëtter YEP! - Schoulfoire nieft den néng Léierwelten och d’LuxSkills, d’Vertrieder:inne vun de Lycéeën zu Lëtzebuerg, d’Méiglechkeet eng Léierplaz ze fannen, Stänn vum Educatiounsministère, der Maison de l’orientation, an eng ganz Rei flotter Atelieren a Showen.
Iwwer d’Theema vun der Orientatioun an d’Méiglechkeete vum Bildungssystem diskutéieren:
Martine Molitor, Première Conseillère de gouvernement am Educatiounsministère
Romain Nehs, Chef vum Service vum Enseignement secondaire
Tom Müller, Direkter vum SFP, dem Service de la Formation Professionnelle
Luc Belling, Responsable de division am SCRIPT

D'Gespréich gëtt och live iwwer d'Säit www.100komma7.lu videogestreamt.

Edukatioun
Politik a Gesellschaft
Wëssenschaft

Episod