A fréieren Zäiten hunn d’Leit dacks geduecht Donnerwiedere wieren eng Strof oder en Zeeche vun der Onzefriddenheet vu Gëtter. An der Mythologie fanne mir Donner a Blëtz als Sprooch an Instrument vu Gottheeten. Haut versti mir besser, wéi Donnerwiederen entstinn, wat an der Atmosphär geschitt. Wéi ka Physik d'Entstoe vun Donner a Blëtz erklären? En Donnerwieder ass eng grouss Maschinn, déi Elektrizitéit produzéiert! Wéi manifestéiert dat sech? Wou schléit de Blëtz an? Ass een am Auto sécher? Mir kënne mat modernen Technike wéi Radar a Satellittebiller besser virausgesinn. An dach bleiwen et Naturgewalten, un déi mir eis upasse mussen. Explikatioune mat der Physikerin Carol Eicher
arrow_back_ios
Physik ass relax
Wéi entstinn Donner a Blëtz?
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Bim bam biren, d’Klacke lauden zu Schieren...
Iwwert de Klang vun de Klacken.

Mam JUICE Richtung Jupiter
Aacht Joer dauert Rees vun der Sond JUICE (Jupiter Icy Moons Explorer) bis bei de Jupiter. Wat sinn Eegenschafte vum Jupiter a wat sinn d'Erausfuerderunge fir bis dohin ze kommen?

Mat engem Staf iwwer 6m héich sprangen
Den Armand Duplantis huet zu Paräis op den Olympesche Spiller en neie Weltrekord vollbruecht. Hien huet d'Héicht vu 6m25 iwwersprongen an huet säin eegene Weltrekord gebrach.

Hei Atomwaffen, do Atomzentralen
Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder vun Atomwaffen an Atomzentralen

Kugelstoussen an e lëtzebuergesche Weltrekord
Wat ass d’Physik hanner der fantastescher Leeschtung, mat där den Tom Habscheid d’Kugel vu 7,26 kg 15,10 m wäit stousse kann?

Mat der wëller Maus erop, erof a ronderëm!
Wann Dir schonn op der Achterbunn op der Schueberfouer gefuer sidd, da wësst Dir wéi et sech ufillt zackeg ëm den Eck ze fueren, d'Gefill ze hunn an der Luucht ze hänken.

Alles op de Vëlo
Firwat fält een net mam Vëlo ëm, wann ee fiert?

Grillowend meets physics
Wéi vill Physik stécht an engem gemittleche Grillowend mat Holzkuel? Firwat baschte Wirschtercher ëmmer der Längt no op?

Wéi entstinn Donner a Blëtz?
Donnerwieder! Et kraacht a blëtzt erëm.

Freedefeier, wann et liicht, päift, knallt a kraacht
Pénktlech fir Nationalfeierdag kréie mir d‘Geleeënheet e musikalescht Fest mat Freedefeier ze bewonneren. Wéi entstinn déi herrlech Figuren am Himmel?

Am Schleekentempo iwwer d’Schläimspuer
Physikalesch Aspekter vun de Schleeken

Mat Sonnebrëll a Sonnecrème fit an d'Sonn
Brëller, déi nach méi donkel ginn, wann d’Sonn schéngt, a mineralesch-chemeesch Sonnecrèmë ginn analyséiert vum Standpunkt vun der Physik/Chimie dohannert.

Fotosynthees vun de grénge Planzen: déi wichtegst bio-cheemesch Reaktioun op der Äerd
De Pigment Chlorophyll an de Chloroplasten an de Planzenzellen absorbéiert masseg Sonnenenergie, am bloen an am roude Beräich, reflektéiert awer dat Gréngt. An et ass dat, wat mir gesinn!

UV-Index: Prezis physikalesch Aspekter
Wéi gëtt den UV-Index bestëmmt ? Wéi domat ëmgoen? Vu wat hänkt en of?

Steng am Gaart
Wéi ass et méiglech, datt esou vill Steng am Gaart sinn, obscho se dauernd eraus gesammelt ginn?

Wéi geet ee mat Schrott an Offall am Weltraum ëm?
Satellitten an Transporter produzéiere Schrott. Weltraumstatiounen Offall.

Europäesch Olympiad fir experimentell Wëssenschaft
45 Teams aus 23 Länner


Liewen an der ISS, der Internationaler Raumstatioun
D'Auswierkungen op de Mënsch, wann e länger Zäit am Weltraum verbréngt, a wat een dorauser léiere kann.
