100,7-Klassesall

Eng Schoulklass

D'Schoule sinn zou, mee et ass net schoulfräi. An dofir sinn d'Schülerinnen a Schüler bei eis net vergiess!

Dofir maache mir vum Méindeg, den 23. Mäerz un, e radio 100,7-Klassesall op.

Loscht op Experimenter, déi ee ganz einfach doheem duerchféiere kann?

D'Ekipp vu science.lu stellt dës Experimenter bei eis vir. Déi zwee Stater Muséeën invitéieren op e Bild-Diktat an erklären op eng ganz flott Manéier Konscht a Kultur aus Lëtzebuerg.

Mir ginn awer och an den natur musée, do kréie mir vill Äntwerten op eis Froen.

Dir hutt Loscht un enger Geschicht matzeschreiwen?

De Lëtzebuerger Auteur Roland Meyer mécht dat mat iech! Hie fänkt d'Geschicht un, an dir proposéiert him, wéi se weidergeet! Um Enn hu dir zesumme mat him e ganze Roman geschriwwen!

D'Schoul vergiesse mir awer natierlech och net!

De Luc Weis vum SCRIPT stellt iech all Dag eng Aufgab, déi dir direkt kënnt maachen an natierlech vill cool Musek, flott Geschichte vu Lëtzebuerger Auteuren an Iwwersetzunge vu bekannte Kannerbicher.

An dir, léif Kanner, kënnt eis schreiwen, eis alles froen, Är Iddien eraschécken, eis Lidder sangen an och e ganze Koup Bicher gewannen!

Lauschtert vu méindes bis freides all Dag um 11 Auer de radio 100,7- Klassesall, dee mat News fir Kanner ugeet a schreift eis op klassesall@100komma7.lu.

Är Elteren hëllefen iech bestëmmt gär derbäi!

Lauschtert hei

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen