Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schoule sinn zou, mee et ass net schoulfräi. An dofir sinn d'Schülerinnen a Schüler bei eis net vergiess! Dofir maache mir vum Méindeg, den 23. Mäerz un, e radio 100,7-Klassesall op. Lauschtert eran.

D'Schoule sinn zou, mee et ass net schoulfräi. An dofir sinn d'Schülerinnen a Schüler bei eis net vergiess! Dofir maache mir vum Méindeg, den 23. Mäerz un, e radio 100,7-Klassesall op. Lauschtert eran.

D'Schoule sinn zou, mee et ass net schoulfräi. An dofir sinn d'Schülerinnen a Schüler bei eis net vergiess! Dofir maache mir vum Méindeg, den 23. Mäerz un, e radio 100,7-Klassesall op. Lauschtert eran.

D'Schoule sinn zou, mee et ass net schoulfräi. An dofir sinn d'Schülerinnen a Schüler bei eis net vergiess!

Dofir maache mir vum Méindeg, den 23. Mäerz un, e radio 100,7-Klassesall op.

Loscht op Experimenter, déi ee ganz einfach doheem duerchféiere kann?

D'Ekipp vu science.lu stellt dës Experimenter bei eis vir. Déi zwee Stater Muséeën invitéieren op e Bild-Diktat an erklären op eng ganz flott Manéier Konscht a Kultur aus Lëtzebuerg.

Mir ginn awer och an den natur musée, do kréie mir vill Äntwerten op eis Froen.

Dir hutt Loscht un enger Geschicht matzeschreiwen?

De Lëtzebuerger Auteur Roland Meyer mécht dat mat iech! Hie fänkt d'Geschicht un, an dir proposéiert him, wéi se weidergeet! Um Enn hu dir zesumme mat him e ganze Roman geschriwwen!

D'Schoul vergiesse mir awer natierlech och net!

De Luc Weis vum SCRIPT stellt iech all Dag eng Aufgab, déi dir direkt kënnt maachen an natierlech vill cool Musek, flott Geschichte vu Lëtzebuerger Auteuren an Iwwersetzunge vu bekannte Kannerbicher.

An dir, léif Kanner, kënnt eis schreiwen, eis alles froen, Är Iddien eraschécken, eis Lidder sangen an och e ganze Koup Bicher gewannen!

Lauschtert vu méindes bis freides all Dag um 11 Auer de radio 100,7- Klassesall, dee mat News fir Kanner ugeet a schreift eis op klassesall@100komma7.lu.

Är Elteren hëllefen iech bestëmmt gär derbäi!

Lauschtert hei