Radioen

On air

Tockcity  |  Paul Wetz - Ode An Den Bass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Blummekinnigin, Lëtzebuerger Spezialitéiten, Ofhuelen ouni Regimm, Causerie an "Nessun Dorma"

Eng Blummekinnigin, Lëtzebuerger Spezialitéiten, Ofhuelen ouni Regimm, Causerie an "Nessun Dorma"

Eng Blummekinnigin, Lëtzebuerger Spezialitéiten, Ofhuelen ouni Regimm, Causerie an "Nessun Dorma"

Eng Blummekinnigin

Nieft der Wäikinnigin an der Rieslingskinnigin gëtt hei am Land schonn zanter den 1950er Joren och eng Blummekinnigin gekréint. Zanter 2017 huet d'Sektioun Oste vun der Liga Gaart an Heem dës flott Traditioun iwwerholl.

Dëst Joer gëtt et eng Ënnerbriechung wéinst dem Covid-19, esou datt d'Kinniginn Claire eréischt 2021 gekréint gëtt.

Presidentin aus der Sektioun Regional Oste vun der Ligue Gaart an Heem mat Detailer.

Lauschtert hei

D'Lëtzebuerger Spezialitéiten

Hei hu mer alles opgezielt, wat zu enger prachtvoller Lëtzebuerger Friess gehéiert: Bauerenträipen, Liewerkniddelen, Huewerfleck, Gehäcks, Huesenziwwi, Fierkelsjelli, Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a Bouneschlupp, a fir datt et sech reimt, tauchen dann och nach d'Melounen, echt Kaffisbounen an den Zossiswupp op.

D'Iessgewunnechten an d'Goûten hu sech mëttlerweil geännert, eng Rei vun de besongene Saachen fënnt ee kaum nach, anerer tauchen nach reegelméisseg an der "traditioneller" Sektioun vun der Menüskaart a verschiddene Restauranten op, an nach anerer sinn ëmmer nach beléift, well se och haut nach richteg gutt schmaachen.

Lauschtert hei

Ofhuelen ouni Regimm

Fir e puer iwwerflësseg Kiloen ze verléieren hëlleft et dacks scho sech un de Repèren vun der Liewensmëttelpyramid ze orientéieren. Wann ee wëllt méi ofhuelen, soll een doriwwer mat sengem Dokter schwätze fir ze klären, wéi wäit dat sënnvoll ass.
 
Wann Iwwergewiicht mat Gesondheetsrisike verbonnen ass, wéi héich Bluttwäerter, oder Bluttdrock, kann den Dokter de Patient bei en Dieteticien iwwerweisen, fir esou eng personaliséiert ugepassten Therapie ze kréien, wou hien op laang Zäit professionell encadréiert ass.
 
Weider Detailer gëtt d'Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.
 
Lauschtert hei
 
Causerie: Max Gallo
 

Max Gallo a toujours conduit de front son œuvre de romancier, d'essayiste et d'historien. Ses romans s'organisent souvent en suites romanesques comme "La Baie des Anges" ou "Les Hommes naissent tous le même jour". Cette fois, Max Gallo s'est emparé de la vie de Victor Hugo - tome 1 "Je suis une force qui va!", tome 2 "Je serai celui-là" (Editions XO).

Gilles Van Grasdorff fait une Causerie ... sur Victor Hugo, à l'occasion du centième anniversaire de la naissance du poète (26.2.1802). L'invité de Causerie est Max Gallo, qui nous dévoilera quelques petits secrets sur le séjour de Victor Hugo à Vianden, au Grand-Duché de Luxembourg.

Réalisée en Partenariat avec La Voix du Luxembourg.

Lauschtert hei

"Nessun Dorma" aus der Oper Turandot

Den Tenor Luciano Pavarotti huet an den 90er Joren ëmmer nees den Air "Nessun Dorma" op senge grousse Concerten a Stadien als Schlusslidd gesongen. Dësen Air ass u sech just en Auszuch aus enger grousser Oper vum Giacomo Puccini.

De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Lauschtert hei