Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CO2, e bossege Lineal an e Stop-Motion-Film

CO2, e bossege Lineal an e Stop-Motion-Film

CO2, e bossege Lineal an e Stop-Motion-Film

News fir Kids-CO2 Emissiounen

Wéinst der Coronavirus-Kris si vill manner knaschteg Gaser an d'Loft geblose ginn. Wëssenschaftler hunn elo genee ausgerechent, wéi vill déi klimaschiedlech CO2 Emissioun zeréckgaange sinn.

De Pierre Reyland aus der Noriichte-Redaktioun mat Explikatiounen.

Lauschtert hei

Eng Buerg

Mier, Sonn a Sand, do denkt een direkt u Buerge bauen ... De Jhemp Hoscheit hëlt eis mat an d'Welt vun de Ritteren.

Lauschtert hei

Deck mol den Dësch mam MNHA

D'Katia Schrobiltgen aus dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht huet an deene leschte Wochen eis Iesszervisser auserneegeholl. Nee, net futti gemaach, mee mat eis zesumme gekuckt, aus wat fir engem Material Teller an Tasen eigentlech bestinn, a wat d'Zeechen ënnendrënner bedeiten. Haut geet et dann dorëms, wat mir mat all deene Saache maachen, a wéi dat vu Kultur zu Kultur changéiert.

Lauschtert hei

Mr. Science - Lineal op Dëschkant

Wann e Lineal bis e gewësse Punkt iwwer d'Dëschkant läit, fält en erof ... ausser et lauschtert een dem Joseph Rodesch alias Mr. Science elo no.

Lauschtert hei

Challenge vum Dag - Meng Geschicht, Mäi Film

.... du hues eng Iddi, fir mat deem, wat s du doheem hues, eng Geschicht ze erzielen?

Da sich dir puer Saachen zesummen, denk dir eng Story aus, egal op fantastesch oder real, a film se mat deene Moyenen, déi s du hues ... Wéi de fënnefte Konschtchallenge funktionéiert, erkläert d'Claire Flammang vum Script.

Lauschtert hei

De Coronavirus - E Buch fir Kanner

De Coronavirus verstoen? Net sou einfach, a fir Kanner schonn dräimol net ...

Dofir huet de Lëtzebuerger Verlag kremart e Buch aus England iwwer de Coronavirus elo op Lëtzebuergesch iwwersat. D'Zeechnunge si vum bekannte Kannerbuchillustrateur Axel Scheffler, an d'Buch ass op der Säit kremart.lu gratis erofzelueden.

Haut liest d'Nathalie Bender zesumme mam Philippe Theisen deen 8. Deel vun dësem Buch. D'Fro ass: Wat een nach ka maache fir ze hëllefen?

Lauschtert hei