Bekanntschaften am Internet
Den Internet bitt eng Abberzuel vu Méiglechkeete mat anere Leit a Kontakt ze kommen. Awer wéi fannen ech elo déi passend Grupp, mat där ech mech identifizéiere kann, oder an där ech déi richteg Äntwerten zu menge Froe fannen? Den Alain Brever Direkter vum RBS Center fir Altersfroen huet Rotschléi zum Theema.
Léna a Louise Kollmeier
Fir hir Concerts contre la Solitude huet d'Fondatioun EME en nationalen Opruff lancéiert a ganz vill positive Retour kritt. Ganz ënnerschiddlech Museker hu fir si flott Videoe produzéiert, déi esou un Altersheemer a Spideeler verschéckt kënne ginn. Mee Dir kënnt se och doheem op der Televisioun kucken an zwar um apartTV, disponibel iwwer Eltrona an d'Tëlee vun der Post: haut mat den zwou Schwëstere Léna a Louise Kollmeier. Si spille véierhänneg Stecker vu Schumann, Tchaikovsky, Tasset a Bernstein.
Ernärung am Alter - 4
Mat de waarmen Deeg déi kommen, wäert Dir erëm Messagen héieren, déi Iech opfuerderen, datt Dir genuch drénkt. Mee ass et just am Summer wichteg genuch ze drénken? Wéi vill muss een drénken, a wéi mierkt een, datt een net genuch drénkt? Firwat fält et eelere Leit vläicht méi schwéier genuch ze drénken?
Äntwerte vun der Claudine Mertens, Dieteticienne bei Servior
Op Besuch: bei der Lotty Braun-Breck
Op Besuch beim Claude Mangen war 2003 eng Damm, déi grouss Verdéngschter un der Entwécklung vun der Konscht zu Lëtzebuerg huet. Schonn a jonke Jore war d'Lotty Braun-Breck u Molerei a Skulptur interesséiert. Och d'Musek, méi genee de Piano, hat hir et ugedoen. Awer den Zweete Weltkrich huet hir artistesch Ambitiounen op d'Prouf gestallt. Eréischt méi spéit, an iwwer Ëmweeër, konnt si hir Ausbildung als Zeecheprofessorin maachen. Si huet op der Handwierkerschoul an um Institut Pédagogique Schoul gehalen.
D'Lotty Braun-Breck huet ë. a. bei Expositiounen an der Villa Vauban matgeschafft an Artikelen an der Kulturzäitschrëft Nos Cahiers publizéiert. Ganz besonnesch huet si sech dem Liewen a Wierk vum Sculpteur Claus Cito (1882-1965) ugeholl, sief et duerch Ausstellungen, Konferenzen oder mam Buch "Claus Cito und seine Zeit" vun 1995.
Op dësem Gebitt huet si remarkabel Verdéngschter. Si war Member vum CAL, dem Cercle Artistique Luxembourgeois a besonnesch am Beräich vun der Tapisserei, de Gobelinen, kreativ. Och huet si 25 Joer laang als Volontaire bei der Ligue HMC matgeschafft. Mat nach bal 80 Joer war déi jonk Damm 2003 ëmmer nach op ville Gebidder onermiddlech aktiv.
D'Moritat vum Sabienchen
Et gi Leit déi hunn eng Stëmm, déi einfach nëmmen Eenzegaarteg ass, an zu deene Leit zielt ouni Zweiwel de Leo Moulin. De Leo Moulin war e Lëtzebuerger Acteur, Auteur a Radio-Speaker, an e war och Coiffer. De Leo Moulin ass 4 Dezember 1897 an der Dräikinneksgaass an der Stad op d'Welt an en ass 28 November 1974 gestuerwen. De Leo Moulin hat nieft senger aparter Stëmm a senger Aussprooch och den Don mat der Lëtzebuerger Sprooch ëm ze goen an eraus koume meeschtens zolitt a gehäerzten Texter. De Leo Moulin steet haut am Mëttelpunkt vun eiser Sketch-Geschicht, an zwar maachen hien a seng Kolleegen sech Gedanken iwwert de Moritate-Gesang. Genéiss et a virun allem lauschtert der Sprooch no, der héiert Wierder déi een hautdesdaags ewell net méi dacks héiert.