
Riicht eraus: Réck- an Ausbléck mam Staatsminister
Brexit a Klima, Steieren a Verfassung, Gaardenhaischen an Tornado, Braz a Schneider, Filmfong a Radio - Dat si Stéchwierder dëse Sonndeg, am Gespréich mam Xavier Bettel.
Brexit a Klima, Steieren a Verfassung, Gaardenhaischen an Tornado, Braz a Schneider, Filmfong a Radio - Dat si Stéchwierder dëse Sonndeg, am Gespréich mam Xavier Bettel.
All Dag kommen dem Statec no méi wéi 200.000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen. De Schengener Accord mécht et Pendeler einfach déi national Grenzen ze iwwerschreiden.
An der Spezial Emissioun ronderëm de Start an d'Beethoven-Joer 2020, geet de radio 100,7 op d'Spuer vum Komponist.
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.
Pakt Logement: Verbindlechen oder fräiwëllege soziale Wunnengsbau?
D'Auteurin Sofia Aouine krut kierzlech de Prix de Flore 2019 fir hiren éischte Roman "Rhapsodie des oubliés" (Editions de la Martinière). Dëst Buch erzielt den Alldag vum Abad, 13 Joer al, deen am Quartier Barbès zu Paräis lieft.
Dëse Freideg, 29. November, ass am Kader vum Festival Rainy Days ee Concert an der Philharmonie ënnert dem Motto "Le Maximum du minimal". De Perkussionist Christoph Sietzen spillt zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Uropféierung vun engem Concerto vum Georg Friedrich Haas.
De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen