Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg, hu Dir gewielt: "Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021.

Organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg, hu Dir gewielt: "Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021.

Organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg, hu Dir gewielt: "Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021.

De Virus ass komm fir ze bleiwen - och an der Sprooch. Dee Constat kann ee maachen, wann ee sech déi zweet Oplo vun der Aktioun "Wuert vum Joer" méi genee ukuckt: Grad ewéi zejoert haten nämlech och dës Kéier nees déi allermeescht Propose vun de Leit eppes mat der Corona-Pandemie ze dinn an och de Jury ass net laanscht d'Covid-Vokabele komm.

Boosteren ass dat lëtzebuergescht Wuert vum Joer 2021. Op déi zweet Plaz kommen ex aequo de Begrëff CovidCheck an den Ausdrock sheesh. Dat sinn also dʼTopp dräi vun der zweeter offizieller Sich no engem Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg, organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg.