D'Entdeeë vum Frigo
Fréier hunn d'Leit hir Iesswueren, hiert Gedrénks oder soss Saachen déi hautdesdaags an de Frigidaire gehéieren, a de kille Keller geluecht, oder speziell Killraim oder Killkëschten. Äre Frigidaire brauch awer Fleeg, soss gëtt d'Äis am Frigo ären Ennemi publique Numéro Un, an esou e lästegen desagreabele Geroch am Frigo ass och net fein. Dofir dot ärem Frigidaire vun Zäit zu Zäit eppes Guddes, botz en a virun allem entdeet en heiansdo.
Eng Schutzfunktioun fir eise Kierper
D'Vitaminn E muss sech am Fett aus dem Iesse léisen, fir datt mir dës Vitaminn an eisem Dënndaarm kënnen ophuelen. Am Duerchschnëtt huele mer ongeféier 30 Prozent vun der Vitamin E op, déi am Iessen dran ass.
An eisem Kierper fanne mir d'Vitaminn E an all eisen Zellmembranen, also der baussechter Haut vun den Zellen. Si erfëllt eng wichteg antioxidativ Funktioun. Dat heescht, si schützt verschidde Stoffer a Strukturen an eisem Kierper virun der Oxidatioun, also der Zerstéierung, duerch sougenannte fräi Radikaler. Dëst si besonnesch aggressiv Deelercher, déi dës sensibel Strukturen ugräifen a futtimaachen. Interessant ass, datt d'Vitaminn E, wa se sou e fräie Radikal ofgefaangen huet, Vitaminn C brauch fir sech erëm ze regeneréieren.
Vitaminn E fanne mer haaptsächlech a planzlechen Ueleger a ganz besonnesch am Weeskeimueleg, am Sonneblummen- an Olivenueleg, awer och am Fësch oder den Eeër.
D'Ketty an den Théiwesbuer
Staark Fraen, déi sech net kleng kréie gelooss hunn, wéi si hir Haiser am Pafendall hu misste verloossen. De Georges Urwald proposéiert an der Serie vun de musikalesche Pärelen d'Lidd vum Théiwesbuer an der Versioun vun der Ketty Olinger.
De Professer Thill
Den Norbert Thill (1923), war bekannt fir seng Fotoreportagen a Saache Kultur a Musek am Luxemburger Wort, an der Zeitung Heimat und Mission wéi och an der Musekszeitung Canticum Novum. Hie war vun 1953 bis 1983 Professer fir Musek a Konschtgeschicht am Stater Kolléisch an am Lycée Robert Schuman zu Lëtzebuerg, wou hien als de Professer Thill bekannt war.
Piano- an Uergel-Coursen hat den Norbert Thill beim Maître Albert Leblanc an zu Bréissel um Conservatoire Royal geholl. Duerch seng vill Studiereesen an Europa, Afrika, Asien an Amerika konnt den Norbert Thill Konferenzen zu Lëtzebuerg an an Europa halen, wou hien op eng Kollektioun vun engen 300.000 faarweg Diapositiven zeréckgräife konnt.
Mam Carlo Link huet de Pedagog, Museker, Auteur, Conferencier a Fotograf, deen 2013 verstuerwen ass, deemools an der Emissioun am Joer 2004, iwwer all dës wäertvoll Aarbechte geschwat.
Skandal am Krichssummer 1942
E Filmdrama, dee muncher ee schockéiert huet, "A Summer of 42". Den Drama baséiert op engem Buch mat autobiografeschen Elementer vum Auteur. D'Musek aus dem Film vum Michel Legrand krut en Oskar an dat Lidd ass haut eise musikalesche Moment: "The Summer Knows".