Wunnen am Alter
An Zesummenaarbecht mam Service RBS Center fir Altersfroe proposéiere mir Iech all Woch an dëser Emissioun intressant Sujeten an Theemen, déi sech ganz besonnesch u méi eeler Leit adresséieren.
Am Gespréich mam Alain Brever, Direkter vum RBS geet haut rieds iwwer Wunnméiglechkeeten am Alter.
Concerts contre la solitude
De Willington House Music Ensembel huet sech an dëser Confinementszäit gebilt. De Lëtzebuerger Klarinettist Max Mausen wunnt zu London mat senge Musekerkolleegen Flavia Hirte, Ellen Bundy an Nicola Barbagli.
Déi fettléislech Vitaminn K
D'Vitaminn K ass bekannt als liewenswichteg Vitaminn fir d'Bluttgerënnung. An de leschte Jore gouf interessanterweis erausfonnt, datt dës Vitaminn och nach aner Eegenschaften huet an datt een tëschent der Vitaminn K1 an der Vitaminn K2 ënnerscheet.
D'Vitaminn K1 fënnt een am grénge Blatgeméis wéi dem Spinat, am Brokkoli an den anere Kabeszorten. Dat kann een iwweregens gutt verhalen: Vitaminn K wéi Kabes. D'Vitaminn K2 allerdéngs gëtt nëmme vu Bakteerië gebilt, entweder direkt an de Liewensmëttel oder awer vun de Bakteerien an eisem Daarm. Esou fënnt een d'Vitaminn K2 a fermentéierte Liewensmëttel op Sojabasis, am Jughurt, frësche wäissem Kéis an aner bestëmmte Kéiszorten an am Sauerkraut.
De Foxe Fern: vum Theater an d'Café Stuff
A wie kennt en net, de Foxe Fern? Vill erënnere sech nach u seng Optrëtter um Hei Elei oder un déi sëllege Lëtzebuerger Revuen, an deenen de Fernand Fox bis Enn vun de 60er Jore matgespillt huet. Awer net nëmmen dat komescht Fach leit him.
Seng Qualitéiten als Charakterduersteller entwéckelt hien am Kasemattentheater ënner der Regie vum Tun Deutsch. Ee vu senge markantsten Theatermomenter war an deem Kontext d'Opféierung 1972 vun "Die Emigranten" op der Elisabethbühne zu Salzburg.
Ufanks den 80er Joren hänkt de Fern säi Beruff als Privatbeamten un den Nol a gëtt Wiert um Lampertsbierg. An der Theaterstiffchen fänkt mat de Cabaretsprogrammer vum Kasemattentheater en neit Kapitel an der Lëtzebuerger Theatergeschicht un. De Fernand Fox ass en Acteur duerch an duerch, vun deem ee vill ka léieren, an dee sengem Publikum trei bliwwen ass.
De Claude Mangen huet dem Foxe Fern, engem vun eise villsäitegsten an eegewëllegsten Theaterschauspiller, 2004 fir de ronne Gebuertsdag, säi 70., gratuléiert.