
09.10. Riicht eraus mam Dan Kersch
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
Den Out Of The Crowd Festival zielt zu den Highlights am Joer fir Frënn vun alternativer Musek.
Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.
Wat erwaarde sech de President vun der Handelskammer an d'Betriber vun der Regierungskoalitioun a Saache Klimaschutz, Wunnengsbau a Steiergerechtegkeet?
Een Dag virun der Bundestagswahl 2021 geet de radio 100,7 der Fro no, wat d'Enjeue si fir Däitschland, d'Europäesch Unioun an d'Groussregioun: mat Hannergrënn, Analysen an Aschätzungen vun eise Korrespondenten.
Réckblécker an Ausblécker op alles, wat mam Buch ze dinn huet. An eiser Literaturemissioun gitt Dir dat alles gewuer, wat mam Buch ze dinn huet.
De 26. September wielt Däitschland. Wéi een Afloss hunn dës Walen an hiert Resultat op Lëtzebuerg an op déi Europäesch Unioun? Et diskutéieren den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, de WOXX-Journalist Raymond Klein an de Publizist Pierre Lorang.
Zanter dem Fréijoer 2020 schaffen de SCRIPT an de radio 100,7 bei verschiddenen Emissiounsformater enk zesummen. No enger Evaluatioun koume béid Partner zur Conclusioun, datt dës flott Collaboratioun eng Plus-Value fir all Bedeelegt a fir de Public duerstellt a hunn decidéiert, hir Zesummenaarbecht weiderzeféieren.
Mat Musek aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert lancéiert de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Saison 2021/2022 ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno. Solistin ass déi däitsch Sopranistin Diana Damrau.
E Programm, mat deem mir Iech inspiréiere wëllen: Vill nei Sujeten an Theemen a ganz verschiddene Formater, mat de Schwéierpunkte Kultur, Musek an Aktualitéit
De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen