Radioen

On air

Notturno  |  Dorian Concept - Let It All Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Clubkaart, ee bessere Liewensstil, den Eugène Heinen an de Schmitze Misch

Eng Clubkaart, ee bessere Liewensstil, den Eugène Heinen an de Schmitze Misch

Eng Clubkaart, ee bessere Liewensstil, den Eugène Heinen an de Schmitze Misch

Eng Clubkaart mat ville Virdeeler

Dat ass eng Seniorekaart, déi ee sech beim RBS Center fir Altersfroe bestelle kann, mee ass ee mat 60 Joer scho Senior a wat sinn d'Virdeeler vun der Clubkaart? D'Angie Maquil huet mam Alain Brever, Direkter vum RBS doriwwer geschwat.

Lauschtert hei

Schrëttweis zu engem bessere Liewensstil kommen

Fir gutt Langzäitresultater ze kréien, soll ee gesond Iesse mat méi Beweegung verbannen. Wéi kann een dat praktescht ëmsetzen, ouni u Liewesqualitéit ze verléieren?

Lauschtert hei

Op Besuch: beim Eugène Heinen

De Claude Mangen war 1994 beim Theaterschauspiller op Besuch, bei Geleeënheet vu deem sengem 80. Gebuertsdag.

Iwwer Joren hat den Eugène Heinen mat sengem Schaffen den Theater zu Lëtzebuerg beaflosst a markéiert. Net nëmmen als Acteur a Regisseur huet hie grouss Verdéngschter, mee och als Theaterpedagog kënnt him de Merite zou, grouss Aarbecht geleescht ze hunn. Mat 80 Joer huet hien zeréckgezunn am Krees vu senger Famill gelieft an nach ëmmer huet säin Häerz fir d'Bün geschloen, obschonns hien am Laf vu senger Karriär munch Enttäuschung hat missen astiechen. Och wann een den Eugène Heinen seelen an engem Theater begéint ass, war hie beschtens informéiert iwwer dat, wat deen Ablack grad gespillt gouf an hien huet sech nach ëmmer staark fir d'Entwécklung vum Theater heiheem interesséiert.

Lauschtert hei

De Schmitze Misch

D'Vollerten sinn zanterhier Sujeten a Sketcher, a wa mir an der Lëtzebuerger Sketchgeschicht wullen, da fanne mir der Sketcher och. A ganz beléift war et wann e Vollert a Polizist sech getraff hunn oder wann zwee Vollerten net ganz kloer wëssen, wou se dru sinn. An esou ass dat och am Sketch "De Schmitze Misch" vum Variété-Ensembel vun der Nationallotterie. Der héiert an dësem Sketch den Hary Hagen, de Marcel Jander an d'Colette an de Fernand Wark. Vill Spaass!

Lauschtert hei