Radioen

On air

Trendscheif  |  Adrianne Lenker - Ruined

play_arrow Live
search

/ Bergkarabach: Bal 200 Aserbaidjanesch Zaldote bei Militäraktioun ëm d‘Liewe komm

No Militärinterventioun

Bergkarabach: Bal 200 Aserbaidjanesch Zaldote bei Militäraktioun ëm d‘Liewe komm

Bei der Militär-Aktioun vum Aserbaidjan an der Enklav Bergkarabach wieren 192 aserbaidschanesch Zaldoten an een Zivilist ëm d‘Liewe komm, dee Bilan huet de Gesondheetsministère zu Baku gezunn.

auto_stories

1 min

Iwwer 500 Zaldote wiere bei der Blëtz-Offensive blesséiert ginn. Op der anerer Säit hunn déi armenesch Separatisten 213 Doudeger gemellt.

An Tëschenzäit wier och scho ronn ee Véierel vun der ethnesch armenescher Populatioun aus der Enklav geflücht. Eng 42.000 Leit wiere bis elo an Armenien ukomm, esou déi armenesch Regierung de Moien. D‘EU huet Hëllef annoncéiert, an d‘UNO huet den Aserbaidschan opgeruff, d‘Rechter vun den Armenier ze respektéieren. Bei der Flucht war virgëscht e Sprit-Depot, wou Flüchtlinge mat hiren Auto tanke wollten, explodéiert. De Bilan do ass op 68 Doudeger an 290 Blesséierter geklommen, esou armenesch Sourcen.