Radioen

On air

Tockcity  |  Honeyglaze - Pretty Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chambre des salariés verwërft Gesetzesprojet vum Georges Mischo

EU-Direktiv iwwer Mindestléin

Chambre des salariés verwërft Gesetzesprojet vum Georges Mischo

D‘Chambre des salariés verwërft dem Aarbechtsminister Georges Mischo säi Gesetzesprojet, mat dem d‘EU-Direktiv iwwer Mindestléin zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt. De Projet wier deplorabel, esou d'Salariatskammer.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

Den Aarbechtsminister hätt kéinten d'Geleeënheet ergräife fir de Mindestloun eropzesetzen, well deen, laut der Berechnung vun der EU-Direktiv, vill ze niddreg hei am Land wier.

En zweete Volet vum Gesetz betrëfft den Taux vu Salariéen, déi iwwer e Kollektivvertrag ofgeséchert sinn. Och dee wier zu Lëtzebuerg ze niddreg. An och dat ass een Dossier, wéinst deem d‘Gewerkschafte schonn am Clinch mam Aarbechtsminister sinn. 

D‘CSL bedauert dat a warnt virun all Versuch fir d‘Gewerkschafte vun de Verhandlunge fir Kollektivverträg auszeschléissen.