Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haislech Gewalt u Migrantinnen: Eng Situatioun mat schwéierem Auswee

Gewalt u Fraen

Haislech Gewalt u Migrantinnen: Eng Situatioun mat schwéierem Auswee

Net genuch Sproochekenntnisser, finanziell Ofhängegkeet, Pabeieren déi feelen oder nach ee Manktem u Reseau. Dëst sinn alles Ëmstänn déi dozou bäidroe kënnen, datt Migrantinne besonnesch vulnerabel fir Situatioune vun haislecher Gewalt sinn. Situatiounen aus deene si dacks schwéier rauskommen.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Geschriwwe vum Pebia Urban

Et wier schwéier ze wëssen, wéi vill Migrantinne vun haislecher Gewalt betraff sinn. Dat seet d’Jessica Lopes, Member vum Verwaltungsrot vun der ASTI. D’Haaptthema bei Ulafstelle wéi der ASTI wier, virun allem d’Openthaltsgeneemegung.

Et géif awer dacks virkommen, datt haislech Gewalt thematiséiert géif ginn. Bei der ASTI sinn tëscht November zejoert an elo, ronn 600 Fraen, an d’Permanence komm, seet d’Jessica Lopes. Dorënner wier bei op d‘mannst 10 Prozent vun de Fraen, haislech Gewalt en Haaptthema gewiescht.

Bei d‘Police goen ass dacks keng Optioun

Beim Service VISAVI, eng Berodungsstell fir Fraen déi Affer vu Gewalt sinn, waren zejoert esou guer 111 vun den iwwer 500 Fraen - Migrantinnen.

Fir Migrantinnen ouni Pabeieren, ass bei d’Police goen dacks keng Optioun. Si géife fäerten datt si d’Land da musse verloossen, erkläert d’Jessica Lopes vun der ASTI.

"Engersäits gëtt d'Plainte am beschte Fall opgeholl. A parallel gëtt d'Direction générale de l'immigration informéiert an da kritt meeschtens d'Persoun en Ordre de quitter le territoire."

Täter géifen dëst och dacks als Drohung notzen, fir hir Partnerinnen dovunner ofzehalen, bei d’Police ze goen, seet d’Jessica Lopes nach.

Dausende Grënn, de gewalttätege Partner net ze verloossen

Och onofhängeg dovun, wier et fir vill Migrantinne schwéier sech vun hire Partner ze trennen. Et géif ze vill um Spill stoen. Esou d’Lucia Coelho vum CLAE.

"Il y a toutes les promesses qu'il y a eu auparavant de se retrouver en couple au Luxembourg, où ils vont pouvoir vivre ensemble, où elle va pouvoir trouver une stabilité professionnelle, permettre à ses enfants souvent de venir aussi, faire l'école au Luxembourg."

Et gëtt Dausende Grënn, firwat et immens schwéier ass fir eng Fra, hire gewalttätege Partner ze verloossen, ergänzt d’Myriam Tillement Psychologin beim Service VISAVI.

"Dans le cadre d'une femme migrante, le facteur culturel, le facteur de la langue, les nombreux traumatismes effectivement qu'elles ont pu vivre sur leur parcours de migration font que la problématique est très, complexe et rend le pas pour la séparation plus compliquée."

Vulnerabel Situatioun vu Migrantinnen

Migrantinnen si méi vulnerabel fir psychologesch a finanziell Erpressung. Well si net ëmmer Pabeieren hunn, wier et och schwéier e festen Aarbechtskontrakt ze fannen an doduerch op d‘mannst finanziell onofhängeg vun hirem Partner ze ginn. D’Jessica Lopes betount iwwerdeems, datt all Fra am Kampf géint haislech Gewalt misst mat erageholl ginn.

"Wann een dee Kampf eescht hëlt, da kann een d'Fraen ouni Pabeieren net vergiessen, da muss een déi mat an d’Boot huelen an déi dann esou gesinn, wéi en Deel vun der Léisung."

Mat der néier Broschür "Hands Off", vu Médecins du Monde an der Associatioun Passerell, soll de verschiddene Servicer an Ulafstelle gehollef ginn, Affer vun haislecher Gewalt besser ze betreien. Déi Broschür beschäftegt sech ënner anerem mam ganze Volet vun der Migratioun, béi dem och Migrantinne kënne rausfanne bei wiem si Informatiounen iwwert hir Rechter kréien.

Lauschterenplay_arrow