Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nordkoreanesch Zaldoten a Russland: USA a Südkorea stellen eng kloer Fuerderung

Krich an der Ukrain

Nordkoreanesch Zaldoten a Russland: USA a Südkorea stellen eng kloer Fuerderung

D'USA a Südkorea hunn Nordkorea opgeruff, seng Truppen aus Russland zeréckzezéien. Bis zu 10.000 nordkoreanesch Zaldote wieren a Russland. Dat behaapte Washington a Seoul. Ob si fir de Kampf géint d'Ukrain sollen agesat ginn, ass onkloer.

auto_stories

1 min

© picture alliance / photoshot
Foto: picture alliance / photoshot

Si géife sech den Ament a Richtung vun der Regioun Kursk un der Grenz zur Ukrain beweegen, esou den amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin.

Russland an Nordkorea hunn d'Presenz vun nordkoreaneschen Zaldoten a Russland weder confirméiert, nach dementéiert. De russeschen Ambassadeur bei der UNO sot, et wiere just "Behaaptungen".

Nordkorea huet iwwerdeems nees eng ballistesch Rakéit getest an an d'Richtung vum japanesche Mier geschoss. Et hätt sech ëm eng interkontinental ballistesch Rakéit gehandelt, sote Japan a Südkorea. Nach ni virdru wier eng nordkoreanesch Rakéit bei engem Test esou wäit geflunn, preziséiert de japanesche Verdeedegungsministère.