Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Nei Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

D'Band Fat Dog.

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Fat Dog si vu London a waren do d‘lescht Joer als eng vun deene Live-Bands gehandelt. Hire "Peace Song“ huet awer de fette Rhythmus, déi hymnesch Melodie an de perfekte Video, fir och als Opnam anzeschloen.

Der Chicagoer Honey Dijon hir nei Single "Finding My Way“ huet e motivéierende Vocal House Club-Vibe, deen eis matgeholl huet.

De Kendrick Lamar an d‘SZA haten hirersäits viru 6 Joer um Black Panther-Soundtrack zesummegeschafft a fannen sech op "luther“ erëm, engem Love Song iwwert de staarke Wëllen, enger verluerener Persoun hiert Liewe besser ze maachen.

Dem Sampha seng sametteg Stëmm a souleg Sensibilitéit verféieren ëmmer erëm, an esou och op dësem Track vun Everything Is Recorded, "Losing You“.

Iwwert d‘Geschicht vum neien Octo-Track ganz um Enn vun eiser Selektioun wësse mir nach net esou vill, ausser, datt den Hashtag "stayfou“ an de Credits fest zum Producer Tun Tonnar gehéiert. deen hei dem Octo säi schéin interpretéierten Text iwwert ee Stringsample an e puere Beat schwiewe léisst.

Op d‘Oueren! 14.11.2024

Fat Dog – Peace Song

Honey Dijon, Ben Westbeech – Finding My Way (DJ-Kicks)

Kendrick Lamar, SZA – luther

Everything Is Recorded, Sampha, Laura Groves, Jah Wobble, Yazz Ahmed – Losing You

Octo – Op éiweg