arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 feiert säin 30. Gebuertsdag

Medien

De radio 100,7 feiert säin 30. Gebuertsdag

De radio 100,7 feiert haut säin 30. Gebuertsdag. Virun 30 Joer war fir d‘éischte Kéier en ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg op Antenn gaangen - deemools nach mam Numm „100,7 – de soziokulturelle radio”.

auto_stories

3 min

18. September 2023 - De radio 100,7 feiert den 19. September 2023 säin 30. Gebuertsdag. Deemools nach als “honnert,7 - de soziokulturelle radio”, ass 1993 fir déi éischte Kéier en ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg op Antenn gaangen.

Fir säi Gebuertsdag ze feieren, kuckt de radio 100,7 den 19. September op déi 30 Joer zeréck a lancéiert eng Kommunikatiounscampagne mam Slogan “radio 100,7 - Meng Inspiratiounsquell”. Iwwer déi nächst 12 Méint wäert de Radio och reegelméisseg eraus,bei seng Nolauschterer an Nolauschterinne goen, fir si zu Wuert kommen ze loossen, sech ze weisen a sech ze inspiréieren.

De radio 100,7 ass de Lëtzebuerger Service public Radio, mat Fokus op Noriichten, Popmusek a Kultur.

Historique

Bis et den 19. September 1993 souwäit war, war iwwer déi méiglech Grënnung vun engem ëffentlech-rechtleche Radio an de Jore virdru laang a kontrovers debattéiert ginn. Wéi an den Nopeschlänner gouf et och zu Lëtzebuerg traditionell e Monopol am Radio, allerdéngs net vun enger ëffentlech-rechtlecher Sendeanstalt, mee zanter 1931 vun der kommerzieller Compagnie luxembourgeoise de télédiffusion (CLT), dem Mammenhaus vun RTL.

De radio 100,7 krut 1991 seng gesetzlech Basis am Kader vun der allgemenger Liberaliséierung vun der Radioslandschaft mam neie Gesetz iwwer déi elektronesch Medien. Dës Reform huet och de Lancement vu ë. a. Eldoradio, Radio ARA, Radio Latina an dem mëttlerweil verschwonnenen DNR méiglech gemaacht.

Och wann et zum politesche Kompromëss koum, en ëffentlech-rechtleche Radiosprogramm a Lëtzebuerger Sprooch ze schafen, si seng Mëttele staark begrenzt bliwwen. Den Optrag war op e “soziokulturellen” Nischeprogramm limitéiert. Och d’Sendezäit war ageschränkt: Wéi den “honnert,7 - de soziokulturelle radio” den 19. September 1993 op Sendung goung, huet e just vu 14.30 bis 22.00 Auer kënne senden. Eréischt den 1. Juni 1997 krut den 100,7 e 24 Stonne Vollprogramm. Nach kuerz do virdrun, am November 1996, gouf et an der Chamber d’Propos de Radio nees zouzemaachen.

1997 gouf den 100,7 Member vun der European Broadcasting Union (EBU), déi d’Eurovisioun an den Euroradio bedreift. Zanter 2002 ass den offiziellen Numm vum Programm “radio 100,7”. Fir och am Norde vum Land besser empfaange kënnen ze ginn, huet de Radio zu Näidsen en zweeten FM-Sender op der Frequenz 95,9 MHz. De Programm huet sech iwwer d’Jore lues a lues vum Nischeprogramm zu engem vollwäertege Service public Radio mat de Schwéierpunkten Noriichten, Popmusek a Kultur entwéckelt.

D’Evolutioun vum 100,7 gouf mam Gesetz vum 12. August 2022 unerkannt a formaliséiert. Aus dem “Etablissement de radiodiffusion socioculturel” gouf de “Média de service public 100,7”, deen d’Missioun krut “de concevoir et diffuser un service de radiodiffusion généraliste d’information, de culture et de divertissement”. D’Onofhängegkeet vum Verwaltungsrot vum Etablissement public gouf gestäerkt, déi vun der Redaktioun ofgeséchert.

Média de Service public 100,7

Den 100,7 besteet haut aus dem FM-Sender “radio 100,7” an dem Internetradio “opus 100,7”, op deem klassesch Musek gespillt gëtt. Béid Programmer leeë Wäert op en héijen Undeel vu Musek vu Lëtzebuerger Kënschtler:innen. Op hiren Internetsäiten www.100komma7.lu an www.opus.radio fënnt een déi neisten Noriichten, Podcasten an Informatiounen zu de Programmer. Fir déi Kleng bitt den 100,7 a senger “Kannerkëscht” on-demand Lauschtergeschichten op Lëtzebuergesch.

Finanzéiert gëtt den 100,7 iwwer eng Dotatioun aus dem Staatsbudget. Publicitéit am Programm ass verbueden. D’Héicht vun der Dotatioun gëtt reegelméisseg mat der Regierung ausgehandelt. Den 31. Mäerz 2023 gouf d’Konventioun fir d’Joren 2024 bis 2030 ënnerschriwwen, den 20. Juli 2023 huet och d’Parlament eestëmmeg gréng Luucht ginn. Den 100,7 huet 59 fest Mataarbechter:innen. Seng Studioe sinn zanter 2013 an der Avenue J.F. Kennedy um Kierchbierg.