Zanter der Rentrée proposéiert de radio 100,7:
Al Schanken
De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7: De Fred an de Mike spille grouss Klassiker a blosen de Stëbs vu vergiessene Pärelen. Si sichen de Lien tëschent aktuellen Tendenzen a Subkulture vun deemools. Dir däerft Notten huelen oder Är Hoer rëselen.
Freides um 21:00
Mat Groove a Séil
Musikalesch Delikatessë fir jiddwereen, dee gär Musek aus de 60er an 70er Joren huet. De Rico Querin proposéiert Pärelen aus senger Plackekollektioun. Soul, Funk a groovy Musek sinn de Schwéierpunkt - awer et gi keng Grenzen. Alles wat gefällt gëtt gespillt, vun der Rill an d'Nol!
Samschdes um 19:00 (Rediffusioun dënschdes um 23:00)
Palatino FM
Daucht an an d'Diversitéit vun de spannendste Clubzeene vum Moment. Den Andrea Mancini invitéiert fir ze danzen a weist, wéi Aktualitéitstheeme vun der Clubkultur opgegraff a reflektéiert ginn.
Samschdes um 21:00