Vun 1977 bis 2001 huet de Fonsi Grethen déi Lëtzebuerger Faarwen am internationale Karambolage-Billard vertrueden. De Bilan léist sech weisen: véier EM-Titel bei de Junioren, 13 mol Europa- a véier mol Weltmeeschter bei de Senioren, dat an de verschiddensten Disziplinnen déi am Karambolage-Billard gespillt goufen.
Am Gespréich schwätzt eisen Invité Fonsi Grethen iwwer seng Begeeschterung fir de Billard, säi wichtegsten WM-Titel a senger international Karriär beim däitsche Veräin Horstet Eck Essen.
An der Woch vum 25.1., méindes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:10.
Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.