19.6. Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?

Marc Barthelemy, Mélanie Wagner, Maisy Gorza, Fred Keup

Déi eng soen dat eent, déi aner dat anert. Mee alleguer fanne se, datt et noutwenneg ass, d'Lëtzebuergescht weider ze fërderen. Op alle Pläng: an der Schoul, an der Aarbechtswelt, an der Gesellschaft.

Marc Barthelemy (Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch), Maisy Gorza (Directrice vum INLL), Mélanie Wagner (Soziolinguistin op der uni.lu) a Fred Keup (ADR-Deputéierten a Co-Auteur vum Buch "Mir gi Lëtzebuerg net op") diskutéieren a Kaarten op den Dësch iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Problemer a Suergen, hir Chancen a Méiglechkeeten.

Moderatioun: Maurice Molitor

Lauschtert zum Theema och de Bäitrag iwwer eng vu de véier Sproocheronnen, op deenen interesséiert Leit Virschléi maache konnten, wéi een eis Sprooch weider promovéiere kann. 

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen