Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

Mam Bus op Madrid

D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid. Mam Zuch geet net, wéinst dem Streik a Frankräich. Mee och e Bus ass méi klimafrëndlech wéi de Fliger. 

Wéi vill CO2 spuert een domat? A wéi komplizéiert ass et hautdesdaags, duerch Europa ze reesen, ouni de Fliger ze huelen? Dat probéiert de Pierre Reyland ganz konkret ze beäntwerten. 

Säi Reportage, mat Live-Interventioun vun där Rees, héiert Dir dëse Mëttwoch an der Serie Mäin Europa um radio 100,7.
 

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen