Dawn Chorus: Live Iwwerdroung aus Irland

Live Dawn Chorus -4.jpg

Communiqué de presse (FR) 

Esou wéi eise Planéit ëm seng eegen Achs dréit, beweegt sech d’Linn vum Sonnenopgank no Westen. Synchron mat där Beweegung leeft eng Well vu Gesank aus Milliounen a Milliarde Schniewele queesch iwwert de Kontinent. Dat ass den Dawn Chorus, de Chouer vum fréie Mueren.

De Gesank vun de Vigel verbënnt eis Mënschen, egal aus wéi engem Land mir sinn a wou mir hi ginn. Wäit iwwert Grenzen a kulturell, reliéis oder wirtschaftlech Differenzen, ass d’Symphonie vun der Natur praktesch fir all Mënsch zougänglech.

Exklusiv zu Lëtzebuerg um radio 100,7

An Zesummenaarbecht mam iresche Radio RTÉ an der Union Européenne de Radio-Télévision (UER), proposéiert de radio 100,7 de 7. Mee vu 06:00 bis 07:00 Auer eng exklusiv Live Iwwerdroung vu Vugel-Gesank aus dem St. Anne’s Park an der Bull Island bei Dublin.

De Presentateur Derek Mooney (RTÉ): 
“De Feedback, dee mir all Joer vun Ireschen Nolauschterer kréien, huet eis iwwerzeegt, datt den Dawn Chorus wierklech eppes ganz, ganz Spezielles ass. Et ass perfekt fir de Radio gëeegent.”

Zënter iwwer 20 Joer iwwerdréit den Derek Mooney um Iresche Radio RTÉ de Gesank vun de Vigel live an Irland. Esou ass d’Traditioun vum Dawn Chorus Day eemol d’Joer entstanen. 2017 ass doraus e globale Projet ginn, un deem sech ë.a. Radiostatiounen a Russland, Indien a Kanada bedeelegen, an deen iwwert d’UER a ganz Europa diffuséiert gëtt. Nei derbäi sinn och Länner wéi Island, Polen, an England (BBC4).

Grousse Succès

De Projet gouf 2017 an der Kategorie “Radio Event vum Joer” mam prestigiéise UER-Präis Rose d’Or ausgezeechent.

E puer Reaktioune vun eisen Nolauschterer no der éischter Iwwerdroung vum Dawn Chorus 2016 um radio 100,7:

”Eng live Retransmissioun vun der schéinster Symphonie aus der Natur“ - Hans Spithoven-Kirchen, Member vun Ëmwelt an Natur

”Ech hat mer extra de Wecker gestallt an ech hunn et genoss. Et war eng Meditatioun fir mech an ech si mer erëm bewosst ginn, wat fir ee sensibelt Sënnesorgan eist Ouer ass.“ - Mady Durrer

”Flott Initiativ!“ - Christian Ries, Société des naturalistes luxembourgeois

”Ech fannen dat eng super Iddi, fir dee Moiesconcert aus Irland mat z’iwwerdroen.” - Marco Schweitzer, Ministère du Développement durable et des Infrastructures, Administration de la Nature et des Forêts

Dawn Chorus: Sonndes moies, de 7. Mee, 1 Stonn live vu 6 Auer un

 

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Däitsch Bundestagswahl 2017

    De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen