De Cleveland vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

Cleveland

Den Eurosonic Festival ass dee wichtege Rendez-Vous am Januar fir d’Museksbranche. Hei decidéiert sech, wat “hot” ass, a wat net. Iwwer 400 Summer-Festivalle maachen op dësem Showcase-Event hir Découverte fir d’Summerprogrammatioun. Iwwer 340 Acts triede vum 11. bis den 13. Januar op iwwer 40 Bühnen op.

Als Member vun der EBU designéiert de radio 100,7 all Joer eng Band oder een Artist vu Lëtzebuerg, deen ee Slot um renomméierte Showcase-Event kritt. De radio 100,7 huet 2017 de Produzent an DJ Cleveland fir dee wichtegen Event sélectionéiert. Cleveland, alias Andrea Mancini, mécht elektronesch Danzmusek. 

E Freideg, den 13. Januar mellen den Tom Dockal an den Yves Stephany sech vun 18:30 bis 20:00 live vum Festival. Mat spannenden Interviewen a Concerts-Matschnëtter.

E Samschdeg, de 14. Januar, diffuséiere mir vun 20:00 un eng Spezial Ausgab vu Soundcheck, mat de beschten Optrëtter vum Eurosonic, moderéiert a kommentéiert vum Yves Stephany an Tom Dockhal.


Interview mam Museker a Produzent Cleveland

Communiqué de Presse (Français)

Pressemitteilung (Deutsch)

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • 2016 op ee Bléck

    Wat waren 2016 déi wichtegst Sujeten a Politik a Kultur?

Communiquéen

Agenda

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen